„Mir sinn duerch déi nei Varianten vum Virus mat enger neier Situatioun confrontéiert“ Dat seet den Professer Dr. Paul Wilmes, Spriecher vun der Covid-19-Task-Force am Kontext vun hirem neie Woche Rapport. Hire Projektiounen no rutschen mer an eng nei Well eran, Claudia Kollwelter

19/02/2021 Band Rapport Covid-Task-force 12h30 -kollwelter

An déi hätt hiren Pic der Task-Force no am Mee an wier vum Ausmooss no mat der Well am November ze vergläichen. Ze erklären wier datt duerch déi nei Varianten, déi méi ustiechend sinn an déi deem ganzen eng nei Dimensioun ginn seet den Paul Wilmes. Bis Enn Januar hätt ee relativ vill Fäll vun der britescher Variant zu Lëtzebuerg gehat:

An d'muss een dovun ausgoen datt déi amgaang ass sech weider auszebreeden. Am Bezuch op d'Projektiounen wieren mer dann an enger Situatioun vun engem Ustiech vun den deeglechen Fallzuelen.

D'Fuesvakanz, an och déi Woch Homeschooling do virun hätten dem Paul Wilmes no kee groussen Impakt op d'Zuelen gehat:

Well mer gesinn jo datt mer relativ stabil weider gelaf sinn. Mir mussen dovun ausgoen, datt wann mer elo méi sozial Interaktiounen an de leschten Wochen wäerten stattfannen, et vum Plateau op dee mer de Moment sinn erëm zouhëlt.

Am Ëmgang mat de Mutatiounen missten der Task-Force no zousätzlech Mesuren en Place gesat ginn fir d'Ausbreedung anzedämmen. Et misst een awer fort kommen vun engem haarden Lockdown a konsequent léieren mam Virus ze liewen:

An do ass et sou, datt vill méi detailléiert Analysen noutwendeg sinn. An do gehéieren och d'Masken an de Schoulen, mee och eenzelen anere Secteuren dobäi.

Mat der britescher Variant hätt ee souzesoen en neie Virus mat deem ee misst ëmgoen seet de Paul Wilmes. Och wann schonn en Deel vun de vulnerabele Leit geimpft wieren, géif dat net onbedéngt heeschen datt d'Zuelen falen, och net vun den Hospitalisatiounen. Déi nei Varianten kéinten nämlech och bei jonke Leit oder Kanner méi schlëmm verlafen.