D'Cargolux krut haut Besuch vum Grand-Duc Henri... de Staatschef war de Mëtten op Visite zu Sandweiler, zesumme mam Mobilitéitsminister François Bausch. Am Géigesaz zu der Passagéierfluchgesellschaft Luxair geet et der Cargolux gutt, Fanny Kinsch.

24/02/2021 BAND Cargolux 18h20 -kinsch-

2020 ass d'Cargolux vill geflunn, seet de François Bausch, och well se en Avantage géigeniwwer anere Gesellschaften hätt, déi Cargo transportéiert.
"Et muss ee wëssen, datt beim Frachtberäich, vue dass déi Passagéierfliger net geflu sinn, Dir hutt haut ganz vill Fracht, dee gëtt a ganz decke Passagéierfliger an de Bauch gelueden. Dat heescht, déi stounge ganz um Buedem a Gesellschaften, déi nëmme Fracht fléien, där gëtt et der net méi sou vill. D'Cargolux ass eng vun deene gréissten och an deem Beräich an dofir war et natierlech sou wichteg, datt Europa déi Gesellschaft hat. Well d'Cargolux ass extrem vill geflunn, net nëmme fir Lëtzebuerg, och fir eis Nopeschlänner an och elo nach ass se vill am Asaz, och am Kader vum Vaccin, dat heescht et huet een hei scho gesinn, wéi wichteg et ass, datt een eng gutt Logistik huet an do gehéiert natierlech och, datt een d'Saachen iwwert de Loftwee heihinner kritt."
Hie géing dovunner ausgoen, datt d'Cargolux en exzellent Joer 2020 wäert ofgeschloss hunn, esou de François Bausch, och den Ament géing et nach gutt goen. Dat wier net ëmmer sou gewiescht.
"Wéi ech ugefaangen hu viru 7 Joer, do huet et nach laang net sou roseg ausgesinn, mee haut muss ee scho soen, dass d'Cargolux elo wierklech gutt do steet an de Grand-Duc kënnt awer virun allem och fir Merci ze soen, well an der ganzer Pandemie d'Cargolux ganz wichteg war fir Lëtzebuerg, virun allem an der éischter Phase, wou alles zou war, a wou wa mer déi Loftbréck net gehat hätten, mer ganz vill Material, dat mer gebraucht hunn, net hätte kënne kréien."
Datt et der Cargolux den Ament sou gutt geet, géing et hir och erlaben, sech fir d'Zukunft opzestellen. Et wier nämlech e Marché, dee sech permanent ännere géing. Der Luxair op där anerer Säit geet et ganz schlecht, ma d'Cargolux kéint d'Luxair och net einfach retten.
"Mir dierfen elo net raisonéieren, an deem ee géing soen, ma dat ass jo ganz einfach, da schiben mer elo, well d'Luxair jo Aktionär ass bei der Cargolux, esou vill Suen eriwwer, dat geet och net. Déi Gesellschaft an d'Aktionäre vun der Gesellschaft, dorënner och d'Luxair, musse kucken, dass déi och fir d'Zukunft sech opstellt, an dofir brauchen déi och déi Suen. Mee mir sinn natierlech frou, dass dat esou ass, well dat hëlt eis vill Suergen, nieft dem Fait, datt et och an der Logistik an dem Beschaffe vu Gidder op Lëtzebuerg, virun allem am medezinesche Beräich, e grousse Virdeel ass, datt mer déi Gesellschaft hunn."
De Staat géing iwwerdeems ganz vill maachen, iwwert de Chômage partiell an d'Cellule de reclassement, fir d'Luxair z'ënnerstëtzen, esou nach de François Bausch, ma d'Airline misst och aus eegener Kraaft nees aus der Situatioun erauskommen.