Genee an engem Joer ass de Startschoss vun Esch2022. Dann wäert Esch, zesummen mat den 10 Pro-Sud Gemengen, mee och mat 8 Gemengen aus Frankräich europäesch Kulturhaaptstad sinn. Haut gouf an deem Kontext de ganzen Moien a Mëtteg iwwer en Deel vum Programm presentéiert. Et gouf en Abléck a ronn 30 Projeten. D'Claudia Kollwelter huet der puer eraus gepickt:

26/02/2021 Esch2022 18h20 -kollwelter

Ugefaangen mam sougenannten "Tour du Cool" e Museksfestival dee vun der Kulturfabrik, de Rotonden, dem Atelier an dem Gudde Wëllen zesummen organiséiert gëtt. Et wäert den éischten Indoor Museksfestival zu Lëtzebuerg sinn, dee +/- 10 Deeg dauere soll an wou een iwwert d'Musek d'Stad Esch an déi ganz Regioun entdecken soll. D'Concerten sollen op éischter ongewinnte Plazen gespillt ginn. De Museksprogrammateur vun der Kufa, Marc Scheer:
Wann een Ästhetik an d'Linn vun de Partner gesäit, weess een datt et ofwiesslungsräich wäert ginn, mee d'wäert awer eng Linn dra sinn. Mir versichen fir all Goût eppes ze hunn. Ugepasst un de Lieu, respektiv de Contraire, eppes wat een net an engem bestëmmten Lieu erwaart, versiche mer dohin ze bréngen.

"Terre ferme" esou heescht e Projet deen vun der Gemeng Déifferdeng um sougenannten "Lommelshaff" organiséiert gëtt. De fréieren Bauerenhaff steet matzen an Déifferdeng. D'Iddi hannert dem Projet ass et d'Erënnerungen un deen Haff erëm opliewen ze loossen. D'Lynn Bintener vum Service Culturel vun Déifferdeng:
Aus deenen Erënnerungen wäerten mer en Theaterstéck maachen. An d'Iddi ass, datt d'Leit mat agebonne ginn an d'Geschicht vum Lommelshaff. Dat heescht se sëtzen mat ronderëm en Dësch, et gëtt zesumme gekacht an dann wäerten se och op verschidde Plazen um Haff wanderen an dann wäerten verschidde Personnagen optauchen, déi hir Erënnerungen oder Geschicht zum Haff zielen.

De Lommelshaff soll wärend dem Kulturjoer mee och doriwwer eraus en Lieu de Renconter am Quartier zu Déifferdeng ginn. Nieft der Kultur sinn awer och zum Beispill d'Nohaltegkeet an d'Mobilitéit wichteg Aspekt vun Esch2022. E konkrete Projet do ass den "Minett Cycle Tour", en touristesche Vëloswee vun 150 Kilometer. D'Saskia Schmitt vum ORT Süden:
Dee geet duerch 15 Gemengen hei am Süden, an e verbënnt flott touristesch Plazen fir datt Leit mat Familljen an och Touristen sech dat kënnen ukucken, andeems se sportlech aktiv sinn. Mir hunn och de Minett Trail, dat sinn ronn 90 Kilometer deen änlech Sitte verbënnt, a wou et d'Méiglechkeet gëtt an enge vun den 11 Gîten ze iwwernuechten.

Wat d'Gîten betrëfft hat den OAI, den Ordre des Architectes e Concours lancéiert. D'Iddi war datt een tëscht den 11 Süd-Gemengen eng Kohesioun hätt betount den Direkter vum OAI. De Pierre Hurt erkläert wéi déi wäerten ausgesinn:
A verschiddenen Gîte kann ee natierlech schlofen, a klengen oder grousse Gruppen. Heiansdo kann een op Plazen ronderëm eppes organiséieren, lokal Veräiner kënnen Aktivitéiten ronderëm organiséieren. D'gëtt zesumme mat Kënschtler geschafft an d'ass e "multi-use" Projet.

Nieft Esch ass awer och Kanuas a Litauen an Novi Sad a Serbien nächst Joer europäesch Kulturhaaptstad. Mat béide Stied sinn och eng Partie Projeten geplangt.