Lëtzebuerg huet am Verglach zu den Nopeschlänner e gutt Stéck manner ënnert der sanitärer Kris gelidden. Déi Conclusioun huet d'Fondation Idea an hirem Joresrapport gezunn, deen haut presentéiert gouf. Den Impakt wier ze gesinn an ze spieren, mee Lëtzebuerg wier e gutt Stéck méi resilient wéi aner Länner aus der EU, Claudia Kollwelter

02/03/2021 Band Bilan IDEA 18h20 -kollwelter

An dat géif sech engersäits ausdrécken duerch d'Estimatiounen déi de Statec gëscht publizéiert huet. Deemno wier d'Economie zejoert ëm 1,3% zréck gaangen. De Muriel Bouchet vun der Fondation Idea:

Et ass eng signifikativ Diminutioun, mee d'ass awer vill manner schlëmm wéi dat wat nach viru puer Méint oder am Budgetsprojet virausgesot gouf. Do war nach vu -6% riets. Mir hunn am Ufank och vun engem vill méi schlechten Taux gerechent. A Frankräich ass ee bei -8%, an der Belsch -6% an an Däitschland -5%. Zu Lëtzebuerg si mer also mat den -1,3% guer net sou schlecht.

An enger Etüd déi a Frankräich gemaach gouf ass eraus komm datt de Risk vu Failliten duerch d'Pandemie an EU-Länner enorm wäert klammen:

Et weist datt ee ganz virsiichteg muss sinn mam aktuelle Kontext. Virun allem wat den Dosage an den Kalibrage vun den Aiden. Et dierf een déi net ze séier zréck zeien a kucken wéi sech d'Situatioun um Terrain an bei den Entreprisen entwéckelt. Haaptsächlech bei de klengen Entreprisen. Fir datt mer net ze vill en héijen Taux u Faillite kréien.

De Chômage ass zu Lëtzebuerg an de leschten 12 Méint zwar geklommen, mee och déi Hausse wier net mat där aus den Nopeschlänner ze vergläichen seet de Muriel Bouchet vun der Lëtzebuerger Denkfabrick. Am Grand-Duché hätten den Aarbechtsmarché an och déi ëffentlech Finanzen manner gelidden:

Um Aarbechtsmarché si mer dat eenzegt europäescht Land wat nach eng Croissance beim Emploi huet. 2020 haten mer e plus vun 2%. Dat konnt ee soss néierens an Europa gesinn. Bei den ëffentleche Finanzen hate mer am Verglach zu den anere Länner eng gutt Ausgangspositioun. Dat huet eis och méi resilient gemaach.

Et géif awer nach ëmmer eng grouss Onsécherheet ginn an d'wier dofir och schwéier ze soen op Lëtzebuerg weider sou resilient bleift sot nach de Muriel Bouchet vun der Fondation Idea.