D'Situatioun a Brasilien ass katastrophal! Dat huet Médecins sans frontières haut op enger Pressekonferenz betount, bei där et ëm d'Corona-Pandemie am südamerikaneschen Land gaangen ass. Wéinst Manktem u politeschem Wëllen ass d'Situatioun dramatesch, Claudia Kollwelter

15/04/2021 MSF Covid a Brasilien / Rep. Claudia Kollwelter

Zanter iwwert engem Joer wier Brasilien an enger humanitärer Katastroph huet den Christos Christou, internationale President vun MSF betount:

D'Spideeler laafen komplett iwwer, an awer gëtt et nach ëmmer keng koordinéiert an zentraliséiert Äntwert. D'Leit aus dem Gesondheetssecteur sinn physech, mental an emotional um Enn. An obschonn se ganz engagéiert sinn par rapport zu hire Patienten, trotz hire Kompetenzen an hirer Professionalitéit, goufe si komplett eleng gelooss an hu missen duerhalen fir d'Feelverhalen vun der Regierung. 

De Pierre Van Heddegem ass Enn November, wärend der 2. Well als Noutfall-Koordinateur a Brasilien ukomm a schwätzt vun enger dramatescher Situatioun:

Wat mir gesinn hunn war eng rasant Hausse vun Fäll, an och eng rasant Hausse vun Hospitalisatioun a virun allem vu Leit déi ze spéit komm sinn fir Hëllef ze kréien. Wéisou sinn se ze spéit komm? Ma ob där enger Säit wëll et net genuch Test-Capacitéiten a Brasilien ginn, mee wat nach méi wichteg ass, ass datt d'Leit d'Gravitéit vun der Krankheet ënnerschat gouf, well d'Autoriéiten Messagen eraus ginn hunn déi komplett widderspréchlech waren.

Virun allem an de kleng Spideeler baussent de grousse Stied, déi keng Invensivstatiounen hunn, wier d'Situatioun katastrophal. Dem Pierre Van Heddegem no wieren praktesch 100% vun den Patienten déi si hu missen intubéieren gestuerwen. MSF huet zanter dem Ufank vun der Pandemie a Brasilien 12 Projeten op d'Beeën gesat. Dozou gehéiert d'schoulen an den Training vu Personal an d'Reorganisatioun vun net manner wéi 60 Spideeler mee och de psychologeschen Support fir Dokteren an Infirmièren. Den Antonio Flores ass Dokter an aktuell a Brasilien an erzielt vu sengen Erfahrungen déi läscht Méint:

Als Dokter hunn ech un éischter Hand gesinn datt fir vill Leit eng Covid-19 Erkrankung heescht Angscht virum Doud ze hunn. Mee mir haten gehofft datt Léieren géifen gezu ginn fir datt d'Kris net nach méi ausser Kontroll géif geroden. Leider loungen mer falsch. An an tëscht leid ganz Brasilien ënnert enger absoluter Epidemie!


Et wier dréngend néideg fir elo Mesuren en place ze sëtzen fir de Virus a Brasilien ze stoppen oder en op d'mannst ze bremsen, et bräicht een eng besser Koordiatioun am Land fir d'Verdeelung vu medezineschem Material an och vu Medikamenter betount MSF, déi bedaueren datt kee politesche Wëllen do ass fir d'Ausbreedung vum Virus ënner Kontroll ze kréien. 

 D'Hëllefsorganisatioun ass zanter dem Ufank vun der Pandemie zejoert an méi wéi 900 Gesondheetsstrukturen an iwwer 70 Länner aktiv an huet bis ewell 125.000 Patienten weltwäit behandelt.