De Logement bleift – och an der Coronakrise – mat Ofstand nach ëmmer d'Haaptsuerg vun den Lëtzebuerger. Ënner anerem dat ass aus dem neie Politmonitor vun TNS Ilres zeréck ze behalen, deen am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort realiséiert gouf.  Donieft goung et awer och ëm den emotionalen Zoustand vun eiser Gesellschaft no iwwer engem Joer Corona an social distancing an och d'Gerechtegkeet war een Thema am Politmonitor, Annick Goerens

15/06/2021 Politmonitor Deel 1: Suergen & Corona / Reportage: Annick Goerens

Fir dëse Sondage goufen 1127 Wieler befrot, déi representativ sinn fir d'Lëtzebuerger Populatioun. D'Detailer iwwert d’Method an de Questionnaire vun dësem Sondage fannt dir online op RTL.lu an och op Alia.lu

An eisem 2. Deel vum Politmonitor Muer zéien mer dann iwwregens de Bilan vun der Regierungsaarbecht no der éischter Hallschent vun der Legislaturperiod.