Vun e Sonndeg u soll een nees méi Fräiheete kréien, wann ee géint de Coronavirus geimpft, negativ getest oder no enger Infektioun nees geheelt ass... da soll dat neit Covid-Gesetz a Kraaft trieden, dat e Samschdeg an der Chamber gestëmmt gëtt. An domat och de sougenannte Covid-Check, deen d'Ministere fir Digitales a fir Gesondheet de Mëtte presentéiert hunn. Fanny Kinsch.

10/06/2021 Detailler zum Covid-Check Reportage: Fanny Kinsch

Dat fonctionéiert mat 3 verschiddenen Zertifikater, déi um Prinzip vum Europäeschen Digitalem Covid-Zertifikat baséieren a mat deenen ee vum 1. Juli un och EU-wäit kann noweisen, datt ee geimpft, getest oder geheelt ass. Déi Zerfitikater kënne vun e Sonndeg un am Café oder Restaurant oder bei Evenementer wéi Matcher oder Concerte vun den Organisateure mat enger spezieller App gelies ginn. D'Bierger selwer brauchen awer KENG App, erkläert den Digitaliséierungsminister Marc Hansen.
"D'Leit kréien u sech alleguer weider en Zertifikat. Deen Zertifikat ass och weiderhin op Pobeier oder digital als PDF ze kréien. Dee kann een dann och als Pobeier mat ronderëm huelen. Dir kënnt deen Ziedel iwwerall weisen oder Dir hutt en op Ärem PC, Ärem Handy oder Ärem Tablett."
Vun haut u kritt all Mënsch dee geimpft ass dee richtegen Zertifikat. Als geimpft gëllt een entweder:
- 2 Wochen no der Impfung beim Vaccin vun Johnson&Johnson
- Bei den Impfstoffer bei deenen een 2 Dose kritt den Dag vun der 2. Impfung ODER schonn den Dag vun der 1. Impfung, wann een an de 6 Méint virdru schonn eng Kéier Covid hat.
Leit, déi virum 10. Juni geimpft goufen, kréien deen neien Zertifikat heem geschéckt oder kënnen en elo schonn op MyGuichet.lu eroflueden. Och wann een an de leschte 6 Méint schonn eng Kéier Covid hat kritt een en Zertifikat heem geschéckt, vun nächster Woch un. D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert.
"Deen Zäitraum, dee leeft un den 11. Dag no engem positiven PCR-Test, also den 11. Dag duerno, et sief dann et wier een nach krank, mee vum administrativen Oflaf ass deen Zertifikat de retablissement ausgestallt ab dem 11. Dag vum positive PCR-Test an e leeft dann 180 Deeg, dat si 6 Méint, ab deem Dag op deem de Prelevement war."
Negativ PCR-Tester sinn 72 Stonne laang gutt, negativ Schnelltester vun e Sonnden un 48 Stonnen. Vun dann un hunn d'Restauranten dann d'Méiglechkeet, de Covid-Check-System anzeféieren, si mussen awer net.
"Entweder hëlt de Restaurant d'Optioun, datt e mat Dëscher vu 4 fiert an da si keng Gestes barrières méi gefrot, dann ass et wéi mer et scho kannt hunn zu engem méi fréien Zäitpunkt an dëser Pandemie, einfach Dëscher vu 4. Oder awer, déi nei Méiglechkeet, de Restaurant optéiert fir e "Regime Covid-Check", dat heescht dee ganzen Etablissement huet eng Schleis fir eran. Wann een erakënnt weist een, ob een ee vun deenen 3 Zertifikaen huet, déi elo en place sinn oder awer, an dat behale mer bäi, virun allem dësen 1. Mount, nach ëmmer d'Méiglechkeet vun engem Schnelltest sur place."
Wann e Restaurant de Covid-Check-System aféiert, muss een dat vu bausse vum Etablissement och gutt gesinn. De Restaurateur kuckt den Zertifikat mat Hëllef vun der App, kontrolléiert awer net d'Identitéit vun de Leit.
"Et ass wichteg wann een ënnerwee ass mat engem Zertifikat seng Carte d'identité dobäi ze hunn, net well een déi am Restaurant muss weisen, mir maachen net dee Schratt dass en Organisateur oder e Restaurateur soll Identitéitskontrolle maachen, mee et ass awer d'Responsabilitéit vun der Persoun éierlech ze sinn a säin eegenen Zertifikat ze hunn a Selbstverständlech wann eng Police-Kontroll ass muss dat kënnen iwwerpréift ginn."
Evenementer wéi Concerten oder Matcher kënnen dann och nees mat bis zu 300 Leit organiséiert ginn, mat Covid-Check an ouni Gestes barrières. Se mussen awer am Virfeld ugemellt ginn.