Den Ament sinn 66 Mannerjäreger, déi internationale Schutz ugefrot hunn, a Lëtzebuerger Foyeren ënnerbruecht. Dat entsprécht 9% vun all de Kanner déi an Foyere wunnen. Am Kader vum Wëltflüchtlingsdag gëschter huet de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot mam europäesche Migratiounsnetzwierk eng Konferenz iwwer d'Zukunft vun onbegleete Mannerjäregen zu Lëtzebuerg organiséiert. D'Nadine Kremer.

21/06/2021 Mineurs non-accompagnés Int. Flüchtlingsdag_Kremer (Online)

Net begleete Flüchtlinge wieren extra vulnerabel. Dofir misst een hinne prioritär hëllefen. Mee, dacks geschitt dat just wann d'Kanner an eng gewësse Case falen an et eng kloer Prozedur gëtt, seet d'Cassie Adélaïde vun der Fondatioun Passerell :

Tous les acteurs qui prennent part à une décision concernant un enfant devraient s'appuier sur des critères qui couvrent des aspects à la fois affectifs, familiaux, sociaux, éducatifs et sanitaires. Or, actuellement, on a tellement le focus sur „On est dans quelle case adminsitrative“ qu'on se pose peut-être moins la question de l'intérêt supérieur de l'enfant.

An dësem Interêt géif awer net ëmmer gehandelt ginn. Wann et zum Beispill méi al Geschwëster gëtt, da kritt d'Kand kee Status als onbegleete Mineur, an d'Eltere ginn net gesicht an nogeholl.

Bestinn Zweiwel, dass de Flüchtling mannerjäreg ass, ginn em an engem éischte Schratt Froen iwwer seng Persoun a seng Rees gestallt. Ass een dann nach ëmmer onsécher, ginn Tester, wéi Röntgen vun der Hand gemaach. Dës wieren awer alles anescht wéi fiabel, erkläert d'Maître Ibtihal el Bouyousfi :

Les médecins eux-mêmes ne peuvent plus de nous dire que toutes ces méthodes ne sont pas faites pour évaluer l'âge. Ces expertises, malheureusement elles ne nous aident pas. D'où la nécessité de penser réellement à des méthodes qui peuvent vraiment nous aider et être fiables.

D'Juristin erkläert donieft, dass et jee no Reglement a verschiddene Länner besser ass Volljäreg, mee an anere besser Mannerjäreg ze sinn. Änneren d'Flüchtlingen ënnerwee hir Date stellt dat duerno hir Glafwierdegkeet a Fro, dobäi wier et eng Saach vun der Sécherheet.

Dräi méiglech Ulafstellen fir mannerjäreg Flüchtlinge sinn d'Caritas, d'Croix-Rouge an d'Fondation Maison de la Porte Ouverte. Do ginn déi Jonk encadréiert an et gëtt probéiert si duerch d'Schoul an de Sport an d'Societéit ze integréieren.

Eng Schwieregkeet um Terrain wier et d'Kanner erëm mat hire Famillen zesummen ze bréngen, wann dës gréng Luucht kréie fir nozekommen, erkläert d'Nelle Koos vun der Caritas :

Quand la famille arrivera, c'est de vraiment éviter une séparation. Les jeunes, ils sont en demande de pouvoir être avec leurs familles – en tout cas certains. Et si c'est le cas, ce serait de pouvoir essayer qu'ils soient ensembles tout simplement et d'éviter qu'ils soient à nouveau séparés.

An der Foyere kréien déi onbegleeten Mineuren esou gutt wéi méiglech Hëllef fir administrativ Demarchen, mee et géif virun allem un psychologescher Betreiung feelen, fir dass si dat wat si erlieft hunn kënne verschaffen.