50% vun de weltwäite Ressourcë ginn an de Bausecteur. Wa Lëtzebuerg wëll méi nohalteg ginn, da muss dëse grousse Secteur mat an d'Kreeslafwirtschaft agebonne ginn.
Bei den aktuellen Energiewochen vum Oekozenter léieren Interesséierter méi iwwer den nohaltege Wunnengsbau, virun allem iwwer wéi ee Ressourcen nach emol benotzt. D'Nadine Kremer.

25/06/2021 Clever wunnen_Kremer (Online)

Am Ufank stoung bei den Energiewochen d'Energieeffizienz am Mëttelpunkt. No 15 Joer ass een sech eens, dass ee muss méi wäit goen. Dofir gëtt elo och gekuckt wéi vill Energie an der Produktioun vun de Baumaterialie stécht a wéi eng Ressourcë méi ëmweltfrëndlech sinn.

Bei den Energiewochen kann ee Chantiere vun ekologeschen Haiser kucke goen a mat de Bauhären iwwer d'Ënnerscheeder an hir Erfarunge schwätzen, erkläert d'Thécla Kirsch vum Oekozenter :

Wéi gesäit esou eng Konstruktioun aus am 1 zu 1. Wéi ginn déi ekologesch Baumaterialie verbaut. Wat kann een sech dorënner virstellen. Och bei der Haustechnik, nohalteg Haustechnik. Wat ass dat alles? Wéi vill Plaz hëlt dat an ?

Gebaier hunn hautzedaags eng Liewenserwaardung vu 40 Joer. D'Iddi vum nohaltege Bauen ass net méi oder manner ze bauen, mee méi clever. Recycele wier schonn een gudden Ufank. Mee och dobäi gëtt Energie verbraucht. D'Stéchwuert wier dofir éischter d'Recuperatioun vu Materialien.

Et ass wierklech eng ganz linear Geschicht. Mir verbrauche vill an da geheie mer vill ewech an da verbrauche mer erëm vill. Dat ass e bëssen de Sënn vun der Kreeslafwirtschaft, dass een higeet a seet : Déi Ressourcen déi mir do dra stiechen hunn, do musse mer kucken datt mir déi erëm eraus kréien. Do musse mer kucke wéi mir déi Saache matenee verbauen, esou datt een se herno nees vunenee getrennt kritt.

Et misst een beim Bauen op verschidden Detailer oppassen.
Gëtt e gutt geplangte Gebai ëmgebaut, kënnen d'Baustoffer tel quel recuperéiert ginn a si verléieren net u Wäert.

Wichteg wier, dass een vill verschidden Zorten u Wunnengen ubitt, fir dass jiddereen eppes no senge Virstellungen fënnt. D'Architektin Lisi Teisen plangt zum Beispill vill mat Holz.

Mir hunn duerchgoend am Fong gutt Erfarunge gemaach a fërderen dat och. Dat wat een nach e bësse misst kucken ass, datt nach méi lokal Firmen den Holzbau kënnen ubidden. Mee ech denken, do ass den Drock elo esou gewuess, datt och do d'Offer ëmmer méi grouss gëtt.

D'Nohaltegkeet géif fir de Notzer keen Ënnerscheed am Wunnkonfort maachen, esou d'Architektin weider. D'Gebaier wieren dacks méi kompakt, mee dat géif hir Attraktivitéit net limitéieren.
Am Géigendeel, et géif Plaz spueren an en vue vum grousse Besoin u Logement am Land wier eng kompakt Bauweis sënnvoll.