"Loosst vun Iech héieren. Deelt Är Visioun iwwert d'Zukunft vun Europa."

Dee Message lancéiert d'Chamber am Kader vun der Konferenz iwwert d'Zukunft vun Europa. 
D'Haaptiddi vun där Konferenz besteet doran, datt all europäesche Bierger egal vu wou en ass, ka soen wat hien vun der Europäescher Unioun erwaard a säin Avis iwwert d'Evolutiounen an der EU ka ginn. 
Dat soll online geschéien, mä ass awer och virgesinn, datt all Memberland zousätzlech Evenementer kann organiséieren. 
Zu Lëtzebuerg gouf an der Chamber eng "Sous-Commissioun" gegrënnt, an där 7 Deputéiert sinn. Hier Roll ass et notamment déi verschidde Konferenzen an Aktivitéiten z'organiséieren. Déi éischt goufen haut virgestallt, Dany Rasqué

14/09/2021 Reportage Konferenz iwwer Europa fir INTERNET