De COVID-Check kënnt a sengem vollen Ëmfang an d'Schnelltester verschwannen. Deputéiert hunn de Mëtteg mat de Stëmme vun der Majoritéit den neie Projet de Loi mat den ugepasste Mesuren ugeholl. Bis den 18. Dezember soll dat neit Dokument gëllen.


Konkret heescht dat, datt Betriber a Verwaltunge selwer kennen decidéiere vun November un eng Impfung, e Zertifikat vun enger COVID-Heelung oder e zertifiéierten Test vun hirem Employé ze froen. Dat gëllt entweder fir dat ganzt Gebai oder just en Deel dovun – do wou zum Beispill Clienten zerwéiert ginn.

Am Horesca-Secteur a bei ville Fräizäitaktivitéite fält de Schnell-Test deen ee selwer mécht mam neie Gesetz vum 1. November un ewech, an et gëlle just nach PCR-, oder zertifiéiert Schnelltester. D'Oppositiounsparteien hu sech an der Chamber géint dat neit Gesetz ausgeschwat. D'Majoritéit schwätzt dovu Fair géigeniwwer der Majoritéit vun de Leit ze bleiwen. Den Tim Morizet huet déi ganz Debatt gelauschtert.

18/10/2021 BAND COVID-Gesetz 18h20 MORIZET (Inet)