Vun enger verstëbster Verwaltung wëll kee méi eppes héieren.
D'Gemenge vun haut wieren innovativ, kreativ an ëm de Bierger beméit, sou seet et d'Inneministesch Taina Bofferding.
Ma och de Gemengesecteur schéngt vun der Pénurie um Aarbechtsmaart net verschount ze bleiwen an dofir gëtt no Personal gesicht.
D’Inneministesch huet de Moie mam Gemengesyndikat Syvicol an de Gewerkschaften FGFC an OGBL eng nei Rekrutements-Campagne lancéiert. Pit Everling

21/10/2021 Campagne Gemengen 18h20 - Reportage Pit Everling