D'Mënscherechter stoungen haut am Mëttelpunkt vum Ausseminister Jean Asselborn senger Deklaratioun zur nationaler an europäescher Aussepolitik. Hien huet bedauert, dass verschidde Länner an der EU d'Wäerter vu Solidaritéit a Rechtsstaatlechkeet net respektéiere géingen. An doduerch enger méi gerechter Flüchtlingspolitik Steng an de Wee leeën. Dat war awer net deen eenzege Sujet an der Ried, déi bal 2 Stonne gedauert huet.

09/11/2021 Thema vum Dag: Deklaratioun Aussepolitik