Lëtzebuerg huet e Logements-Problem. Sou heescht et op alle Fall ëmmer.
Et feele Wunnengen, d’Präisser klammen a vill Leit kënne sech keen Doheem méi hei am Land leeschten.
Ob mer awer iwwerhaapt e Logement-Problem hunn, dat hannerfreet de Chef-Economiste vun IDEA. D’Denkfabrik hat de Moien eng Konferenz organiséiert, fir d’Logementspolitik mol anescht ze diskutéieren. Déi gréng Deputéiert a Presidentin vun de parlamentarescher Logementskommissioun Semiray Ahmedova an den Entrepreneur Nicolas Bück waren och invitéiert.
D’Carine Lemmer war fir eis lauschteren....

10/11/2021 IDEA Logement /Reportage C. Lemmer