Dës Woch ass European Testing Week, also Europäesch Testwoch... dobäi geet et awer net ëm Tester op de Coronavirus, mee ëm den HIV-Virus. An Zesummenaarbecht mam Gesondheetsministère sensibiliséiert de Service HIV-Berodung vun der Croix-Rouge dofir dës Woch verstäerkt op d'Virdeeler, fir sech Testen ze loossen. Fanny Kinsch.

22112021 HIV-Preventioun European Testing Week Rep Fanny Kinsch

Wéini stierwen ech? Déi Fro géingen ëmmer nach ganz vill Leit stellen, wa se erausfannen, datt si HIV-positiv sinn, seet d'Laurence Mortier vun der HIV-Berodung. Mat engem Traitement kéint een haut awer mam Virus liewen, et misst een ebe just wëssen, datt een en huet. Schätzunge vum europäeschen Zentrum fir d'Preventioun vun ustiechende Krankheeten no wësse 15-20 Prozent vun de Leit déi infizéiert sinn dat awer net. Dofir soll ee sech och all Kéier wann een onprotegéierte Sex mat enger Persoun huet, vun där een de Status net kennt, teste loossen.

"Mir kënnen en Test direkt mat der Bluttanalyse 6 Wochen no der Risikosituatioun maachen, an do ass d'Resultat 100% sécher, a mam Schnelltester, zum Beispill hei an der HIV-Berodung, dat ass 12 Wochen no der Risikosituatioun."

Bei der HIV-Berodung vun der Croix-Rouge kann ee sech och Tester bestellen, fir selwer ze maachen. Dee fonctionéiert änlech wéi de Covid-Selbsttest, just dass een am Plaz sech an der Nues ze wullen sech an de Fanger pickt an eng Drëps Blutt hëlt.

"Et ass wéi e Covid-Test, eng kleng Flëssegkeet fir eng Reaktioun ze maachen, an d'Persoun muss 20 Minutte waarden, fir e Resultat ze kréien. An dat ass och wéi bei de Covid-Tester, ee Stréch ass d'Kontroll, an 2 Strécher heescht dass et positiv ass."

D'Resultat vun engem positiven Test gëtt dann nach ee mol mat engem Blutttest kontrolléiert.

"Zum Beispill hei an der HIV-Berodung, wa mir e positiivt Resultat kréien, proposéiere mer eng Bluttanalyse a mir maachen direkt eng prise de sang a mir schécken d'Blutt an d'Spidol, de CHL, dat ass d'Haaptspidol fir déi ustiechend Krankheeten, a mir proposéieren och e Rendez-vous ze huele mat engem Spezialist."
Blutttester kann een donieft och ënnert anerem anonym, gratis an ouni Rendezvous beim Nationallabo LNS zu Diddeleng maachen. Déi Offer hätt een d'ganzt Joer, ma et wier wichteg zwee mol d'Joer verstäerkt dorop opmierksam ze maachen, sou den Trung Nguyen, Responsabele vum Service Virologie-Sérologie.
"Surtout pendant la période de covid, on a focalisé toute l'énergie, tout l'effort sur le covid. Et la plupart des gens oublit qu'il y a aussi d'autres pathologies qui sont aussi importantes et qui sont aussi mortelle. C'est pour ça qu'on relance la compagne."

Wann een HIV-positiv ass, kritt een e Medikament géint de Virus, nach ee mol d'Laurence Mortier vun der HIV-Berodung.

"D'Traitement ass elo eng Pëll pro Dag. A mat dësem Traitement, normalerweis, ongeféier 6 Méint nodeems et ugefaange gouf, ass d'Persoun indetectable."
An dat heescht och, datt een de Virus dann net méi ka weider ginn. Fir d'HIV-Epidemie ze stoppe wier et dofir wichteg, datt ee jiddereen traitéiert, deen de Virus a sech dréit.