Lëtzebuerg ass eng Weltraum-Muecht.
Dat sinn d'Wierder vum Direkter vun der Europäescher Space Agence.
De Josef Aschbacher war haut op Besuch zu Lëtzebuerg, dat am Kader vun der Konferenz „NewSpaceurope“.
De Pit Everling war bis op de Belval kucken

24/11/2021 ESA 18h20 - Reportage Pit Everling

Am Weltall deet sech eppes, schonn a 5-10 Joer kéint et zum Beispill Liewen um Mound ginn.
Eng gliese Bull hätt hien zwar net, sou den ESA-Chef Josef Aschbacher, ma gewëss Iddie vun der Zukunft kéint een sech awer lo scho maachen
Was ich erwarte ist, dass sich am Mond eine wirkliche Wirtschaft entwickeln wird, dass es Firmen geben wird,  die Dienstleistungen anbieten, zum Beispill bei der Nutzung von natürlichen Ressource, zur Konstruktioun von Infrastrukturen zum Beispill. 

Ich erwarte, dass der Mond zur Basis wird für die weitere Exploration des Sonnensystems.

Wir wissen alle, dass das nächste grosse Ziel nach dem Mond der Mars sein wird.

An do gëllt et den Zuch a Richtung Stären net ze verpassen. An deem Kontext gëtt et vum ESA-Chef vill Luef fir Lëtzebuerg. Firmen, déi  bei der Exploitatioun vum Espace wëllen dobäi sinn hätten am Grand-Duché en ideale Kader fonnt. 
Luxemburg ist eine Weltraum-Macht.

Im Vergleich zur Grösse der Bevölkerung macht Luxemburg enorm viel, hat ein sehr grosses Investment per capita.

Ich wünschte mir, dass viele Länder so wie Luxemburg agieren würden und die Wichtigkeit und den Nutzen des Weltraums erkennen würden, unter anderem als wirtschaftliche Opportunity.

Ënner anerem jonk Firmen, zum Beispill Start'Up'e géingen zu Lëtzebuerg déi ideal Konditioune fir hir Aktivitéite fannen.
Hie wier begeeschtert vun der Dynamik, déi et am Grand-Duché géif ginn.
Wichteg wier, datt een sech an Europa op de Volet Kommerzialiséierung géing konzentréieren, sou de Josef Aschbacher
 
Vun all Euro dee Lëtzebuerg un d‘ESA bezilt komme 85 Cent zeréck. Ënner anerem ginn iwwert dee Wee Lëtzebuerger Space-Firmen ënnerstëtzt
De Wirtschaftsminister Franz Fayot

D'ESA mécht déi technesch Analyse vun deene Projeten a bezilt dann déi Aiden un d'Lëtzebuerger Betriber aus. Allerdéngs ass et an der Praxis esou, datt Lëtzebuerg der ESA eng finanziell Enveloppe zur Verfügung stellt.  Fir de Luximpuls-Programm ass dat tëscht de Joren 2020 an 2024 eng Enveloppe vun 68 Milliounen €.

Déi gëtt da gebraucht fir Projeten ewéi d'Entwécklung vum Rover vun der Firma Ispace.

Och bei anere Programmer ass Lëtzebuerg bedeelegt.

D‘Lëtzebuerger Gesamt-Enveloppe fir d‘ESA fir d'Joren 2020-2024 läit bei 198 Milliounen €.
Op der Uni um Belval war haut déi véiert Editioun vun der Konferenz «NewSpace Europe». E Rendezvous, op deem d‘Acteuren aus dem Secteur sech begéinen.
D‘Evenement mat 500 Participante gouf organiséiert vun der Lëtzebuerger Space-Agence.
Nieft den offizielle Riede gouf et zum Beispill eng ganz Rei thematesch Table-Ronden an och e sougenannte Pitch-Concours, wou Projete virgestallt ginn.