D‘Politik léisst Plommen a verléiert bei de Wieler dobaussen un Glafwierdegkeet a Vertrauen. Wann nächste Sonndeg géing gewielt ginn, da géingen par Rapport zu de leschte Walen am Oktober 2018, am Ganzen 10 Sëtzer nei verdeelt ginn. Grouss Verléierer sinn d‘CSV an déi liberal Partei vum Premier Xavier Bettel.  Déi grouss Gewënner heeschen Piraten an ADR. Sou kann e graff d‘Resultater aus der neister „Sonndesfro“ resuméieren, déi TNS-Ilres am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort gemaach huet.
Eng éischte Kéier wier d‘LSAP dann och déi stäerkst Partei an der 3er Koalitioun, Annick Goerens

30/11/2021 Sonndesfro / Reportage: Annick Goerens