Géint Amazon gouf den 16. Juli eng Rekordgeldstrof fir europäesch Verhältnisser an Héicht vun 746 Milliounen Euro verhaangen. Di Lëtzebuergesch Kommissioun fir Dateschutz also d'CNPD reprochéiert dem US-Konzern géint den GDPR also den General Data Protection Regulation verstouss ze hunn. De Moien hunn d’Affekote vun deenen 2 Parteien dann um Verwaltungsgeriicht um Kierchbierg plaidéiert. D'Diana Hoffmann war um Geriicht dobäi.

03/12/2021 Amazon um Verwaltungsgeriicht