Haut huet de Chantier op der Diddelenger A3 ugefaangen. Dës soll op béide Säiten eng 3. Spuer bäikréien. Ma bis dëse Chantier fäerdeg ass, wäert en d’Automobilisten nach di eng oder aner Kéier vill Nerven am Stau kaschten.

18/01/2022 Rep. Ausbau Autobunn Backes (online)

D'Autobunn A3, déi d’Stad Lëtzebuerg mat der franséischer Grenz verbënnt, kritt a béiden Direktiounen eng Spuer bäi.  

An enger éischter Phase gi lo mol Virbereedungs- an Ofholzungsaarbechten ugefaangen, dëst un der Streck tëscht dem Gaasperecher Kräiz an der Aire de Berchem. Eng véier Wochen wäerten di Aarbechten daueren.

Well eng ganz Partie Beem musse gehae ginn, muss opgepasst ginn net ze vill der Natur ze schueden. Hei ginn da verschidde Kompensatiounsmesuren geholl, dozou den Direkter vun der Administration des Ponts et Chausées Roland Fox:
«Duerno fänke mer dee grousse Projet un mat enger Mesure compensatoire. Bäi der franséischer Grenz maache mer ee passage à gibier, wou mer dovun ausginn, dass dat am Fréijoer kann ugoen.»

Gréisser Aschränkungen am Verkéier sollen et lo dowéinst nach net ginn. Aus Sécherheetsgrënn muss awer plazeweis d'Pannespuer gespaart ginn. Mee och generell wéilt ee kucken de Verkéier net ze vill anzeschränken.
«Et gëtt lo zum Beispill am Fréijoer gekuckt dass mer d’Ofrappe vun enger Bréck dass mer dat koppele mat Aarbechte vun der CFL, wou dann och en Afloss op d’Autobunn hunn. Do wëlle mer dann all déi Aktioune bündelen an dass mer do och gezielt Aktiounen hunn wärend Weekender a net den Trafic dann iwwerméisseg wäerte beaflossen.»

Zil vum Ausbau vun der A3 ass et natierlech längerfristeg de Stau ze reduzéieren. Fir dësen ze ëmgoen, notzen och ëmmer méi Leit d’Niewestroossen déi duerch d’Gemenge Beetebuerg, Fréiseng a Réiser ginn.
Konsequenz ass och hei da voll Uertschaften. D‘ Buergermeeschtere vun de betraffene Gemengen si skeptesch, dass sech d’Situatioun mat der fäerdeger Autobunn verbessere kéint.

Dozou de Buergermeeschter vun der Gemeng Réiser Tom Jungen:
«Ech muss awer soen, datt mir relativ mësstrauesch do sinn. Et wäert doudsécher zu enger Verbesserung vun enger Rei Geforepunkte kommen. Déi Situatioun op der Aire de Berchem wou een haut vu véier Spuere quasi op zwou zréckgeet, do wäert dat sécherlech eng Verbesserung bréngen. Mee awer de Fait, dass eng Fuerspuer bäikënnt sou vill Changement bréngt... ech wéilt kënnen dru gleewen, sinn awer mësstrauesch.»
 
Den Tom Jungen gleewt do éischter un eng Verbesserung vun der Verkéierslag duerch e bessert Schinnenetz. Hei ass jo den Ausbau vun der Beetebuerger Zuchstreck ewéi och d’ Vergréisserung vun der Stater Gare geplangt.

Bis dass sech d’Situatioun op der Autobunn A3 erëm wäert berouegen, misst een awer nach Gedold hunn. De Projet soll nämlech eréischt fréistens am Joer 2027 ofgeschloss sinn, sou nach de Roland Fox.

Reportage: Sabrina Backes