Wat ass wann ech meng eegen Entreprise grënne wëll? Wéi eng Versécherunge sinn do interessant?

16/12/2020 Wat ass wann LALUX

Dir hutt de Schrëtt gewot a sidd elo Ären eegene Patron? Gléckwonsch, mee opgepasst: D‘Grënnung vun der eegener Entreprise dréit och eng Rei vu méigleche Risike mat sech.

Et ass séier geschitt, dass een eng falsch Entscheedung getraff huet, déi gewësse Folgen op sech hëlt. Ouni déi néideg Versécherunge kann dat séier deier ginn, oder souguer d’Existenz vun der Entreprise gefäerden.

Wann een seng eegen Entreprise grënne wëll, sollt een also drop oppassen, dass een eng optimal Versécherungsléisung ugebuede kritt, déi un d‘Bedierfnesser vun der Entreprise ugepasst sinn.

Hei ass et wichteg, dass een eng perséinlech Berodung kritt, fir dass een sech selwer wéi och d‘Entreprise, d‘Mataarbechter an dat ganzt Equipement virun de méigleche Risiken a Konsequenze schütze kann.

Et ginn awer och eng Rei Versécherungen a Garantien, déi fir all Entreprisen, egal a wéi enger Branche, interessant kënne sinn:
Eng Entreprise leeden heescht oft och, perséinlech ze haften, a säi Verméigen op d’Spill ze setzen. „D‘Responsabilité Civile Dirigeants d'Entreprise” schützt Iech als Patron géint déi finanziell Konsequenzen am Fall wou engem Drëtten ee Schued gemaach gëtt.

All Mataarbechter biergt Risiken. «D’Responsabilité civile professionnelle“ deckt d’Haftflichtrisiken, déi beim Ausféiere vun Aarbecht opkomme kënnen.
D'„Saach- a Maschinneversécherung“ déi virun allem fir d'Handwierksbetriber interessant ass, schützt de Betrib virun de finanzielle Konsequenze am Fall vu Feier- a Waasserschied oder engem Maschinnebroch. Dës deckt souwuel d‘ Gebai, d’Wuere wéi och d'professionellt Equipement.

Weider interessant Versécherunge, déi dem Aarbechter zur Verfügung gestallt kënne ginn, sinn d’ betriblech Zousazpensioun an d‘ Zousazkankeversécherung.  
Säit 2019, kann och de selbstännege Patron seng Zukunft mat enger Zousazpensioun ofzesécheren, an dobäi vun interessante Steiervirdeeler profitéieren.

Fir Iech genau déi Léisung unzebidden, déi Äre Besoinen entsprécht, renseignéiert Iech bei Ärem Agent. Dëse steet Iech zur Verfügung a beréit Iech gär.

Dir hutt och eng Fro a punkto Versécherung? Da schéckt se op groupeLL@lalux.lu.