Wat ass wann ech uerg krank ginn an eng Direkthëllef brauch?

06/01/2021 Wat ass wann LALUX

Hautdesdaags si mir gewinnt op alles een direkt Zougrëff ze hunn. Egal op mir Informatiounen, ee Produit, oder ee Service brauchen.

Leider gëllt dëst net fir Rendezvous'en bei engem Spezialist. Oft muss een hei méintelaang op ee Rendezvous fir eng Consultatioun waarden.

Wat d’Alter zouhëlt, wat de Risiko op eng uerg Krankheet awer zouhëlt.  Wat also maachen, wann op bemol eng schwéier Krankheet diagnostizéiert gëtt? Schliisslech heescht et séier ze reagéiere wann et em d’Gesondheet geet.
Mat der Garantie „ Best Care+“ bitt d’Zousazkrankeversécherung DKV Luxembourg eng exklusiv Direkthëllef am Fall vun uerge Krankheeten un.

Dës garantéiert Iech net just ee Rendezvous bei engem Spezialist bannen 5 Aarbechtsdeeg mee sou hutt Dir och d’Chance op eng zweet Meenung an eng ëmfaassend Berodung zu Ärer néideger Behandlung.

Fir dass de Versécherte vun engem komplette Schutz profitéiere kann, sinn d’Käschte vun de Behandlungen, déi vum Spezialist u gerode ginn,  och duerch d’Zousazkrankeversécherung ofgedeckt.

Well et awer och virkënnt dass sech kee Spezialist an der Géigend fanne léisst an ee Rendezvous bei engem Dokter am Ausland noutwendeg ass, ginn déi néideg  Transportkäschte fir d‘Consultatioun bis zu 500€ rembourséiert.

A wéi gesäit et aus wann de Krankheetsfall operativ behandelt gi muss?

Och hei erweist sech eng Zousazkrankeversécherung als ganz nëtzlech. Am Fall wou sech eng Operatioun als noutwendeg erweise sollt, gräift d’Versécherung Iech ënner d’Ärem a këmmert sech  ëm d’Organisatioun vun Ärem Rendezvous.

Dir hutt och eng Fro a punkto Versécherung? Da schéckt se op groupeLL@lalux.lu.