Wat ass wa mäin Auto nach mat der grénger Kaart verséchert ass obwuel déi mëttlerweil op wäissem Pabeier gedréckt ginn?

20/01/2021 Wat ass wann LALUX

Säit dem 1. November ginn d’Autosversécherungen, déi bis ewell ënnert dem Numm „Gréng Kaart“ bekannt waren, elo wäiss gedréckt.

Dëst gëllt net just op nationalem Niveau, mee gëtt och an allen anere Länner déi op Ärer Versécherungskaart genannt ginn, agefouert.

Eng Traditioun déi säit 1951 besteet ass elo ofgeschaaft ginn, mee firwat eigentlech?

D’Ännerung ass virun allem aus prakteschen an ëmweltfrëndleche Grënn virgeholl ginn. Et ass awer just d’Faarf vum Pabeier déi ännert. Den Inhalt bleift weiderhin de selwechten.

Elo stelle sech wuel vill Leit folgend Fro: Wat ass da wa mäin Auto dann elo nach mat der grénger Kaart verséchert ass? Muss ech elo eppes ënnerhuelen a mir direkt eng nei Versécherungskaart ufroen?

Dir kënnt berouegt sinn! Dir sidd och weiderhi richteg verséchert! Wann Ären Auto elo nach mat der grénger Kaart verséchert ass, bleift dës och gülteg bis zum genannten Oflafdatum.
Dat heescht Är gréng Kaart kann nach bis den 31. Dezember 2021 gülteg sinn.
Nodeems Är gréng Kaart dann ofgelaf an eng nei Versécherung fälleg ass, gëtt dës och op wäissem Pabeier gedréckt! Déi nei Versécherungskaart kritt Dir dann och rechtzäiteg an automatesch vu Ärem Versécherer zougeschéckt.

Dat selwecht gëllt och wann dir méi Gefierer op Iech ugemellt hutt. Déi gréng Kaart ass och hei sou laang gülteg bis dat d’Versécherung vum jeeweilege Gefier fälleg ass. Dat heescht och an dësem Fall musst Dir näischt ënnerhuelen.

Hei nach ee leschte Rot: Fir all déi net genee wëssen, wéi eng Pabeieren een onbedéngt ëmmer am Auto bäi sech soll hunn: Nieft der Versécherungskaart sollt Dir och ëmmer Äre Fürerschäin, Är gro Kaart sou wéi Är Vignette bei Iech hunn, wann Dir mam Auto ënnerwee sidd.

Dir hutt och eng Fro a punkto Versécherung? Da schéckt se op groupeLL@lalux.lu.