Wat ass wann ee Kuerzschloss owes spéit fir ee Stroumausfall beim mir doheem suergt?

03/02/2021 Wat ass wann LALUX

De Weekend steet virun der Dier an Dir wëllt Iech ee flotten Owend mat Ärem Léifste maachen. D’Raclettesmaschine gëtt ugeschloss, Äre Liblingsfilm leeft um Fernsee mee och allerhand aner Haushaltsapparater sinn um Stroum ugeschloss.

Do kann et da mol virkommen dat et zu engem Kuerzschloss kënnt. Esou e Kuerzschloss kënnt haaptsächlech vir, well een eng ze staark Maschinne benotzt huet oder de Stroum ze vill belaascht ginn ass.

Am Normalfall geet et do duer, dass ee bei de Stroumschaf geet an den Hiewel eropzitt. Herno funktionéiert rëm alles. Wat awer maachen, wann och dat net hëlleft an Dir bemol am Däischtere sëtzt?

An esou engem Fall kënnt Dir op Är Hausversécherung zielen. Mat der Garantie „Home Assistance“ déi Dir zousätzlech an der Hausverséscherung vun der LALUX ofschléisse kënnt, hutt Dir zu all Zäit an all Dag ee Recht op ee Pannendéngscht. D’LALUX stellt Iech de Fachmann, den Dir zu der jeeweileger Situatioun benéidegt, zur Verfügung an iwwerhëlt d’Käschte vum Noutdéngscht an déi néideg Ersatzdeeler bis zu enger Versécherungszomm, déi Äre Versécherungskontrakt virgesäit.

Sou wäit sou gutt. Mee wat ass wann da bemol och nach Äert Equipement, wéi zum Beispill de Fernsee doduerch futti geet?
An esou engem Fall kann d’Hausversécherung mat der Garantie “Stroumschied” opkommen. D’Equipement dat duerch de Kuerzschloss beschiedegt ginn ass, kann esou matverséchert sinn.

Mat der Performanz-Formel an der Hausversécherung bei der LALUX kënnt Dir Är Haushaltsapparater sou wéi Äert informatescht a net-portabel audiovisuellt Equipement bis zu 5 Joer Neiwäerteg  versécheren.

Sollt Dir net genee wëssen, wéi wäit Är Versécherungsgarantië ginn, da mellt Iech roueg bei Ärem Versécherungs-Agent. Hien mécht Iech gären e klenge Resumé vun all deem, wat Äre Versécherungskontrakt virgesäit a steet Iech mat Rot an Dot zur Säit!

Dir hutt och eng Fro a punkto Versécherung? Da schéckt se op groupeLL@lalux.lu.