Wat ass wann ech een Haus baue wëll, wéi eng Versécherunge sinn do unzeroden?

03/03/2021 Wat ass wann LALUX

Ob Dir baut oder renovéiert, den Erfolleg vun ärem Projet hänkt zu engem groussen Deel vun enger gudder Virbereedung of. Trotz dem Choix vu vertrauenswierdege Partner a Fournisseuren – jidderee ka mol Feeler maachen. Fir de finanzielle Konsequenze vun esou Feeler awer entgéint ze wierken, sollt Dir Iech vun Ufank u mat de passende Versécherungen ofdecken.

Bei engem Bau- Ëmbau oder Renovatiounsprojet kënne sëlleg Schied optrieden.

Wärend de Bauaarbechte kann et duerchaus virkommen, dat Stierm a Feierschied optrieden, dat Baumaterial geklaut gëtt oder ee Waasserschued entsteet.

Och no Ofschloss vun der Bauaarbechte kënnen nach Problemer optriede wéi fiicht Wänn am Keller, Rëss an der Fassade oder un de Plättercher...

Dowéinst ass et wäermsten un d’Häerz ze leen, säi Projet mat der richteger Bauversécherung ofzesécheren.

Et ginn zwou Zorte vu Bauversécherungen: d’Garantie “Tous Risques Chantier” schützt Iech géint all Materialschued, dee wärend den Aarbechte virkomme kann: Feier, Déifstall, Vandalismus oder Naturkatastrophen, awer och géint materiell Schied duerch Kalkulatiounsfeeler a Mëssgeschécker. All d’Intervenanten um Schantje gëllen heibäi als verséchert, d’Sich no engem Responsablen ass also iwwerflësseg. Sou gëtt en eventuelle Baustopp verhënnert an de Schued séier a professionell gereegelt.

D’Responsabilité Civile Décennale verséchert net nëmmen de Gros Oeuvre bis zu 10 Joer an d’Menus ouvrages bis zu 2 Joer nom Ofschloss vun den Aarbechten. Mee  souguer wann den Entrepreneur Faillite geet, profitéiert Dir vu vereinfachten administrative Prozeduren an Äre materielle Schued gëtt séier gereegelt.

Dowéinst kontrolléiere wärend den Aarbechte qualifizéiert Techniker vun der Versécherungsgesellschaft ob de Schantje no den unerkannte Reegele vun der Technik realiséiert gëtt.

Wann Äre Projet dann ofgeschloss ass, sollt Dir och onbedéngt drun denken eng passend Hausversécherung ofzeschléissen. Jee no Versécherer ginn et ënnerschiddlech Formelen, déi Äre Besoinen no all Risiken ofdecke kënnen. Schwätzt Ären Agent einfach emol drop un, hien hëlleft Iech déi passend Versécherung ze fannen.

Dir hutt och eng Fro a punkto Versécherung? Da schéckt se op groupeLL@lalux.lu.