Wat ass wann ech een Autosaccident mam Kolleeg hunn, musse mir do onbedéngt ee Constat ausfëllen?

05/05/2021 Wat ass wann LALUX

Am Fall vun engem Accident ouni Blesséierten, maachen di zwou implizéiert Parteie gewéinlech sou schnell wéi méiglech e Constat.

Zwar ass e Constat net vum Gesetz virgeschriwwen, mee dësen hëlleft dem Assureur d‘Responsabilitéit beschtméiglechst festzeleeën an de Prozess zur Entschiedegung ze beschleunegen.
E Constat à l’Amiable soll direkt op der Platz ausgefëllt ginn. Mécht een dëst méi spéit, huet d‘Géigepartei vläicht schonn sou munch Fakte verdréint an d’Situatioun gëtt da méi wéi onangeneem. Wichteg Donnéeën, wéi d’Plaquettë vun den Autoen, déi involvéiert sinn, oder eng Skizze vum Virfall sollen notéiert gi, souguer wann een sech net sécher ass wie Schold huet.

Dëst gëllt och wann Dir een Accident mat Ärem Kolleeg oder Noper hutt. An dësem Fall ass et souguer besonnesch wichteg rechtzäiteg ee Constat auszefëlle fir ee méigleche Sträit ze verhënneren. Och wann Dir denkt, do ass kee Constat néideg, well Dir Äre Kolleeg jo schliisslech gutt kennt. Et ass keng seele Konsequenz, dat et spéider zu Diskussioune kënnt.
A si mir mol éierlech, et wier dach Schued wann duerch esou ee Mëssverständnes eng Frëndschaft zugronn goe sollt.

Wéi virgoen, wann ee kee Constat dobäi huet?

Wann Dir nu kee Constat zur Hand hutt, kënnt Dir ganz einfach e wäisst Blat huelen a souvill Informatioune wéi méiglech heirop festhalen. Wichteg Donnéeën iwwert de Versécherten, de Chauffeur, d’Autoen déi am Accident verwéckelt sinn notéieren an eventuell Zeien an awer och selbstverständlech den Assureur mat abezéien. Eng kleng Skizze vun der Situatioun mat der Indikatioun, wou eventuell Verkéiersschëlder stinn, kënne wäertvoll Renseignementer liwweren.

Ausserdeem kënnen all LALUX Clienten ee Schued och ganz einfach iwwer easyAPP déklaréieren. Hei kënne Fotoe vum Schued ganz einfach iwwert de Smartphone eropgeluede ginn an Ären Agent gëtt direkt kontaktéiert.

Dir hutt och eng Fro a punkto Versécherung? Da schéckt se op groupeLL@lalux.lu.