Wat ass wann ech ongewollt eng Persoun op der Strooss ustoussen? Wien kënnt do fir d'Behandlungskäschten op?

20/10/2021 Wat ass wann LALUX

Een Accident ass oft méi séier geschitt wéi ee mengt. Et passt ee kuerz net op a schonn huet et geknuppt.

Wat awer maache wann ee bemol ee Foussgänger um Zeebrasträifen ugefuer huet ? Et huet een d’Persoun ze spéit gesinn, krit net méi rechtzäiteg gebremst a schonn ass et geschitt. Oft steet een an esou enger Situatioun ënner Schock.

Hei gëllt et op kee Fall Farerflucht ze begoen! Domat riskéiert Dir nämlech net just eng héich Strof mee Dir gefäert och d’Liewe vun der betraffener Persoun.

Wéi soll een dann an esou engem Fall richteg virgoen? An esou engem Fall ass et fir d’alleréischt wichteg d’Plaz ofzesécheren a souwuel d’Ambulanz wéi och d’Police ze ruffen, fir dat déi blesséiert Persoun esou séier wéi méiglech an d’Klinik  bruecht a behandelt ka ginn.
Mee wéi gesäit et da mat der Versécherung aus?

Elo frot Dir Iech: Wiem seng Versécherung gräift an esou eng Situatioun? Oder kënnt an esou eng Fall iwwerhaapt eng Versécherung op?
Hutt Dir ongewollt eng Persoun ugestouss dann iwwerhëlt Är Autohaftflicht déi néideg Behandlungskäschte vun der blesséierter Persoun. Mee opgepasst: d’Autohaftflicht ass eng obligatoresch Versécherung , déi vum Gesetz virgesinn ass soubal Dir Iech een Auto kaaft.
Gutt ze wëssen ass och dat all LALUX Clienten hire Schued och ganz einfach iwwer easyAPP deklaréiere kënnen. Ären Agent gëtt esou direkt iwwert de Schued informéiert.

Wann Dir weider Informatiounen oder Renseignementer braucht, steet Iech Äre Versécherungsagent mat Rot an Dot zur Säit.

 

Dir hutt och eng Fro a punkto Versécherung? Da schéckt se op groupeLL@lalux.lu.