Wat ass wa mäin Agent mir vun enger Reschtscholdversécherung schwätzt?

01/12/2021 Wat ass wann LALUX

Soubal Dir een Immobiliëprêt ze Lëtzebuerg ofschléisst, ass eng Reschtscholdversécherung, och bekannt als Assurance Solde Restant dû, zwar net obligatoresch dofir awer wäermsten un d’Häerz ze leen. Virun allem wann et ëm eng héich Zomm geet.

Ofhängeg vun Ärer familiärer Situatioun ass a wéi héich Äert Eegekapital ass, kann et och sinn dat d’Bank esou eng Versécherung verlaangt, éier Sie den Accord bewëllegt.

Mee firwat ass esou eng Versécherung néideg?

Ugeholl Dir hutt een Hausprêt um lafen a sollt duerch eng Krankheet oder een Accident stierwen, nach éier Dir de Prêt integral zréckbezuele konnt. An dësem Fall kéinten Äert Léifst a Schwieregkeete geroden andeems Sie Äre Prêt weider ofbezuele mussen.
Oft geet de Verkaf vum Haus nämlech net duer fir de gesamte Montant vum Prêt kënnen zréck zebezuelen.

Wann Dir awer virdrun eng Reschtscholdversécherung ofgeschloss hutt, da gräift dës an esou engem Fall.

Mat der Reschtscholdversécherung schützt Dir net just Är Léifst mee dës hunn soumat och de Choix fir kënnen d’Haus als Ierwen ze halen.
Dir kënnt Är Reschtscholdversécherung och mat der zousätzlecher Garantie «Invaliditéit» vervollstännegen. Bei undauernder a vollstänneger Invaliditéit opgrond vun enger Krankheet oder engem Accident bezilt d’Versécherung Iech déi am Ufank festgeluechte Versécherungszomm.
Wa mir mol éierlech sinn, mir wëllen eis Léifst jo awer och net mat esou enger finanzieller Belaaschtung konfrontéieren.

Am beschten ass et Dir informéiert Iech fréizäiteg iwwert déi jeeweileg Versécherungsléisunge bei Ärem Agent, éier Dir een héije Prêt ofschléisst.

Dir hutt och eng Fro a punkto Versécherung? Da schéckt se op groupeLL@lalux.lu.