Wat ass wann ech ee Kand kréien? Lount et sech do direkt eng Zousazkrankeversécherung ofzeschléissen?

15/12/2021 Wat ass wann LALUX

Wann e Kand op d’Welt kënnt, ass dat eppes ganz Besonnesches. Mee éier et esouwäit ass, heescht et: gutt plangen.
Wann Dir Iech mat dem Thema Versécherunge beschäftegt, denkt Dir eventuell och iwwer eng Zousazkrankeversécherung no.

Zwar kann Äert Kand natierlech an der gesetzlecher Krankeversécherung bei Iech mat ugemellt ginn. Fir him awer en zousätzleche Schutz ze bidden, sollt Dir drun denken esou fréi wéi méiglech eng privat Zousazversécherung fir d’Kand ofzeschléissen. Well: Wat ee méi jonk eng Zousazversécherung ofschléisst, wat se duerno méi gënschteg ass.

Virun allem well an den éischte Joren heefeg medezinesch Untersuchungen ustinn, ass et wichteg eng ëmfaassend Krankeversécherung ofzeschléissen. Zwar iwwerhëlt hei d’gesetzlech Krankekeess een Deel vun de Käschte mee mat enger Zousazkrankeversécherung kënnt Dir vu méiglechst héije Remboursementer profitéieren.

Mee net just dat: Bedenkt een nämlech dat am Laf vum Liewen Krankheeten optriede kënnen, déi d’Ofschléisse vun enger Zousazkrankeversécherung méi schwéier maachen, da sidd Dir als Elterendeel ëmsou méi berouegt, Dir hutt direkt bei no der Gebuert eng Zousazversécherung fir Äert Kand ofgeschloss, a kënnt sécher goen, dat Äert Kand an alle Fäll richteg verséchert ass.

Gutt ze wëssen ass och, dat wann een Elterendeel mindestens 3 Méint virun der Gebuert vum Kand bei der DKV Luxembourg verséchert ass, da gëtt d’Kand och ouni Gesondheetsexamen matverséchert.

Eng Ofsécherung, déi Äert Kand ee Liewe laang begleet, egal op et fir als éischtklassege Patient an der Klinik, bei alle Reesen oder bei urgente Krankheeten.

Am beschten ass et Dir informéiert Iech fréizäiteg iwwert déi jeeweileg Versécherungsléisunge bei Ärem Agent, fir dass Dir mat voller Virfreed äert Kand erwaarde kënnt.

Dir hutt och eng Fro a punkto Versécherung? Da schéckt se op groupeLL@lalux.lu.