Wat ass wa mäi Kand d’Conduite accompagnée mécht?

19/01/2022 Wat ass wann LALUX

D’Conduite accompagnée soll dozou bäidroen d’Onsécherheet op der Strooss ze reduzéieren, déi virun allem vun neien Autosfuerer empfonnt gëtt. D’Fuere kann esou zousätzlech zu de Fuerstonnen, déi mat engem ausgebilte Fahrlehrer absolvéiert ginn, mat den Elteren oder enger anerer Begleetpersoun geüübt ginn.

Fir d’alleréischt muss gewosst sinn, dass just op engem Gefier vun der Klass B dierf gefuer ginn, an dat nëmmen zu Lëtzebuerg an am Dag vu 6h moies bis 11h owes. Ausserdeem muss hannen an der Fënster obligatoresch e speziellt Zeeche vum wäissen „L“ op roudem Hannergrond hänken. D’Begleetpersoun dierf dobäi all Erwuessene sinn, deen net wéinst engem Verkéiersdelikt verurteelt gouf an net innerhalb vun de leschte 5 Joer de Führerschäin ewechgeholl krut.

Um Niveau vun der Assurance, musst Dir Iech vun Ärer Versécherungsgesellschaft e speziellen Zertifikat ausstelle loossen. Dëse kënnt Dir och ganz einfach bei Ärem Agent froen. Dora gëtt bestätegt, dass eventuell Schied, déi duerch en Accident wärend der Conduite accompagnée entstinn, iwwerholl ginn.

Opgepasst: Rechtlech gesinn, gëllt d’Begleetpersoun als Fuerer! Falls et also zu engem Accident sollt kommen, gëtt de kierperleche Schued, deen d’Begleetpersoun erleit net vu senger Versécherung iwwerholl. De Chauffer ass nämlech ëmmer vum Benefice vun der eegener Haftflicht ausgeschloss. Denkt also drun als Begleetpersoun entweder eng privat Onfallversécherung oder eng sougenannte „Garantie Conducteur“ ofzeschléissen, fir Iech beschtens ofzesécheren.

Dir hutt och eng Fro a punkto Versécherung? Da schéckt se op groupeLL@lalux.lu.