Wat ass wann ech an enger Sportsvakanz een Vëlosaccident hunn?

02/02/2022 Wat ass wann LALUX

En Accident an enger Sportvakanz wéi Ski, Wanderen oder Vëlo féiert dacks net nëmmen zu uerge medezinesche Konsequenzen, wéi engem gebrachene Been oder enger gerassener Achillessehn, mee déi finanziell Käschten, déi sech do hannendru verstoppen, kënnen explosiounsaarteg an d’Luucht schéissen. Wann Dir also plangt dëst Joer eng Sportsvakanz ze maachen, ass et unzeroden Iech mat enger adequater Versécherung géint dës onerfreelech Konsequenzen ze schützen.
 
D’LALUX bitt Iech dofir am Kader vum easyPROTECT-Package d‘Assistance Annuelle un, déi Iech bei Auslandsreesen am Fall vun engem Accident, enger Krankheet oder Doud zur Säit steet. Sou iwwerhëlt si am gesate Fall d’Käschte fir e Recktransport a rembourséiert Iech awer och Är medezinesch noutwendeg Käschte fir Behandlungen a Medikamenter. 

Si steet Iech awer och mat Rot an Dot zur Säit, fir Iech déi néideg Adressen a Kontakter vun eventuell noutwennege Spezialiste matzedeelen an Iech bei sproochleche Barrièren Ënnerstëtzung ze bidden.
Wa wärend dem Vëlofueren eemol en Noutfall optrëtt, iwwerhëllt d’Assurance och d’Sich-, d’Rettungskäschten. Wichteg ass awer, dass Dir zum Zäitpunkt vum Noutfall just op oppenen a markéierte Wee beweegt.

A wat ass wann Dir am Wanter léiwer an d’Skivakanz fuert? Wéi de Numm et scho seet, steet Iech d’Assistance Annuelle dat ganzt Joer wärend all Äre Vakanzen zur Säit: am Summer, am Wanter, op der Plage, an de Bierger.

Wann mer schon vun Wanter a Bierger schwetzen, zanter dësem Joer muss der an Italien beweisen kënnen, dass Dir wärend dem Ski fueren Haftflichtverséchert sidd. Dëst ass an Ärer Familienhaftflicht mat veséchert. Schwetzt mat Ärem Agent oder direkt der LALUX, mir kënnen Iech dat schrëftlech bestätegen, da braucht Dir keng onnéideg Zousazassurance op der Plaz ze maachen.

Denkt drun déi schéinst Zäite vum Joer ofzesécheren a kontaktéiert Äre LALUX-Agent.

Dir hutt och eng Fro a punkto Versécherung? Da schéckt se op groupeLL@lalux.lu