Wat ass wa mäin Haus wéinst eng Iwwerschwemmung net méi bewunnbar ass?

16/02/2022 Wat ass wann LALUX

Ëmmer méi oft verwüüsten Onwieder ganz Haiser, Stroossen an ganz Dierfer a Lëtzebuerg. No de schwéieren Iwwerschwemmungen am Juli 2021 bei deene vill Regiounen a ganz Lëtzebuerg schwéier betraff waren, hunn ëmmer méi Awunner Angscht virun dem Verloscht vum eegenen Doheem. Een iwwerschwemmt Keller sou wéi verstéiert Haiser sinn hei keng seele Konsequenz vu staarke Reefäll.
    
Fir Iech dës Angscht beschtméiglech ze huelen, rode mir Iech un eng optional Iwwerschwemmungsgarantie an Ärer Hausversécherung bäizefügen. Dës Garantie schützt Iech virun de finanzielle Konsequenzen déi bei Iwwerschwemmungschied entstinn.
    
Wat soll ech awer maachen, wann mäin Haus no enger Iwwerschwemmung net méi bewunnbar ass?
    

Fir Iech virun zukünftegen Naturkatastrophen ze schützen, rode mir Iech wäermsten un eng Garantie «Home Assistance» an Ärer Hausversécherung ofzeschléissen.

    
Wann Äert Haus duerch eng Iwwerschwemmung bemol net méi bewunnbar ass, da garantéiert dës Versécherung eng Hëllef beim Plënneren.
    
Zum Beispill, bei der Garantie Home Assistance organiséiert LALUX Iech Hin a Réckrees vun alle Membere vun engem Stot bei ee Familljemember a ganz Europa an iwwerhëlt och een Deel vun den Transportkäschten. Am Fall wou een Ënnerdaach bei ee Familljemember net méiglech ass, iwwerhëlt d’Versécherung d’Käschte vum Hotel fir ee gewëssenen Zäitraum.
    
Zum Schluss ass unzeroden, sech sou fréi wéi méiglech iwwer déi verschidde Versécherungsléisungen ze informéieren, fir dat Dir beim dem nächsten Onwieder optimal geschützt sidd.

Dir hutt och eng Fro a punkto Versécherung? Da schéckt se op groupeLL@lalux.lu.