Wat ass wa mäin Ech a menger Studentewunneng e Waasserschued hunn ?

07/09/2022 Wat ass wann LALUX

Déi schéinst Zäit vum Liewen, ass jo bekanntlech d’Studentenzäit. Endlech eleng wunnen an op eegene Been stoen – dat ass fir vill Studenten eng ganz wichteg Erfarung. Fir dass een dës awer ouni Suerge genéisse kann, ass et ëmmer vu Virdeel ze wëssen, wéi een an der enger oder anerer Situatioun am beschte reagéiert. Virun allem kann et fir Nervositéit suergen, wann et déi éischt Kéier ass, dass een eleng wunnt. Gutt ze wëssen, dass een am néidege Fall op seng Assurance zeréckgräife kann!

All ze dacks kënnt et nämlech vir,  dass ee mam Kapp net ganz bei der Saach ass an et entwéckelt een en Automatismus fir esou munch Tâchen am Alldag auszeféieren. Oder et gëtt een einfach vun enger anerer Saach ofgelenkt. Wee souz net schonn op der Uni am Kuer an huet sech op eemol d’Fro gestallt ob d’Kachplack wierklech aus ass? A wat geschitt eigentlech, wann ech vergiessen de Krunn vun der Bidden zouzedréinen a mir d’Waasser duerch d’ganz Wunneng leeft?

Woufir fréier d’Extensioun vun der Hausversécherung vun den Elteren opkomm ass, gëllt haut d’easyPROTECT-Discover: eng eenzel Assurance extra fir Studenten ugebueden. Waasser- an och Feierschied, déi am Student senger Wunneng an Europa entstinn an déi dem Student oder dem Proprietär gehéieren, ginn duerch d’Extensioun vun hirer Responsabilité Civile am Kader vun dësem Kontrakt couvréiert.

Well awer esou e Schued méi Nodeeler mat sech bréngt ewéi dass et deier gëtt, ass et ëmmer vu Virdeel ee Mol méi nozekucken, ob och alles richteg aus- an zougemaach gouf. Wann ee liicht oflenkbar ass, kann et och hëllefräich sinn sech eng Erënnerung ze stellen, dass een och net vergësst, dass d’Waasser am Buedzëmmer leeft, fir dass een dono net duerch d’ganz Wunneng muss schwammen.

Dir hutt och eng Fro a punkto Versécherung? Da schéckt se op groupeLL@lalux.lu.