Wat ass wa Mir mäin Agent vun enger «Garantie Conducteur » schwätzt ?

16/03/2022 Wat ass wann LALUX

Am Fall vun engem Autos-Accident mat Blesséierte ginn d’Passagéier iwwert d’Autohaftflicht entschiedegt. Deen eenzegen, dee ni vu senger Autohaftflicht op eng Entschiedegung ziele kann, ass de Chauffer. Wann een elo awer bedenkt, dat an de meeschte Fäll d’Chauffeure bei engem Autosaccident blesséiert ginn, versteet een, dass et am Interêt vun alle Chaufferen ass, sech och als Chauffeur ofzesécheren.

Och hei gëtt et eng Léisung. Déi optional ‚Garantie Conducteur‘ bitt een optimale Versécherungsschutz, wann de Chauffer bei engem selwer verschëlden Accident  e Kierperschued erleit.

Des Zousazversécherung kënnt bei folgende Situatiounen op:

•    bei wirtschaftlechen Ausfall, deen duerch eng temporär oder permanent Invaliditéit verursaacht gëtt;

•    eng Indemnitéit, vir bei temporärer oder permanenter Invaliditéit
•    fir d’Behandlungs- a Prothese-käschten;
•    a fir d’Schied un de Kleeder am Fall vun engem Kierperschued.

Am Doudesfall, gëtt de wirtschaftleche Verloscht genee sou wéi déi ufalend Begriefneskäschten entschiedegt.
Eng Fro vu Käschte kann et jiddefalls net sinn, well als Zousaz vun der Autosassurance  sprengt eng ‚Garantie Conducteur‘ de Budget kengesfalls.

Sollt Dir net genee wëssen, wéi wäit Är Versécherungsgarantië ginn, da mellt Iech roueg bei Ärem Versécherungs-Agent. Hien mécht Iech gären e klenge Resumé vun all deem, wat Äre Versécherungskontrakt virgesäit a steet Iech mat Rot an Dot zur Säit!

Dir hutt och eng Fro a punkto Versécherung? Da schéckt se op groupeLL@lalux.lu.