Wat ass wann ech den Ersatzauto beim parken téitschen?

02/03/2022 Wat ass wann LALUX

Sollt ech mol en Autos-Accident hunn, da brauch ech en Ersatzauto. An de meeschte Fäll kréien ech dëse vu mengem Garagist oder der Versécherung zur Verfügung gestallt. Mee wéi ass et, wann ech dësen Téitschen?

Den Ersatzauto, deen ech bei engem Accident vu mengem Garagist oder enger Locatiounsfirma zur Verfügung gestallt kréien, ass net automatesch ‚Kasko‘ verséchert. Dofir ass et onbedéngt wichteg, spéitstens zu dem Moment, wou een d’Formalitéite reegelt an d’Schlëssele vum Auto kritt, d’Fro iwwert d’Versécherung vum Ersatzgefiehr ze stellen.

Déi meescht Versécherungsgesellschaften hunn en automatesche ‚Report de Garantie‘ vun de Kaskogarantië virgesinn. Am Kloertext: deen Iech zur Verfügung gestalten Auto ass d’selwecht verséchert wéi Ären Auto, deen duerch en Accident, en Déifstall, Glasbroch oder Feierschued immobiliséiert ass. Sollt Dir elo d’Mëssgeschéck hunn, dësen Ersatzauto ze téitschen, well Dir net gewinnt sidd mat engem aneren Auto ze fueren, da braucht Dir Iech keng gréisser Suergen ze maachen. De Schued um Ersatz-Auto gëtt op Basis vun de Garantien aus Ärem Versécherungskontrakt gereegelt.

An nach eppes Intressantes: sollt Dir mol en Auto an der Vakanz oder vir soss een Deplacement an der grousser Welt lounen, da gesäit de Locatiouns-Kontrakt vun dësem Persounen-Auto gewéinlech eng Franchise vir. An der Reegel gëtt dës Franchise bis zu 1.000.- € fir Autoen an Camping-Car ‘en iwwert Är perséinlech Vollkasko-Versécherung am Fall vun Téitschen um Locatiounsauto iwwerholl. Dëst ass geduecht, fir Iech d’Liewe méi einfach ze maachen an et kascht Iech näischt.

Dofir lount et sech dach mol mat Ärem Versécherungsagent Kontakt opzehuelen an Iech am Detail iwwert Är Autosversécherung ze informéieren, iert Dir Iech vir e Locatiounsauto entscheet.

Dir hutt och eng Fro a punkto Versécherung? Da schéckt se op groupeLL@lalux.lu.