Wat ass wa mäi Frigo duerch ee Kuerzschloss owes futti geet ?

06/04/2022 Wat ass wann LALUX

Nu stellt Iech vir, Dir setzt doheem an dobaussen kënnt een Donnerwieder op. Do ass een Kuerzschloss net auszeschléissen. Am Normalfall geet et do duer, dat ee bei de Stroumschaf geet an den Hiewel eropzitt. Herno funktionéiert rëm alles. Wat awer maachen, wann och dat net hëlleft an Dir bemol am Däischtere sëtzt? Mee net just dat! Wat ass wann äre Frigo bemol net méi ugeet?
A voller Verzweiwlung frot Dir Iech: An elo ?

Dir wësst net wéi Dir dann elo sou spéit nach un ee komme sollt deen Iech hëllefe kann. An schliisslech riskéiert Dir dat all Är Iesssaache schlecht ginn.

An esou engem Fall ass et wäertvoll wann Dir richteg verséchert sidd.

Bei der LALUX kënnt Dir nämlech Är Hausversécherung mat der optionaler Garantie «Home Assistance» vervollstännegen. Dës Garantie bitt Iech ee professionellen an direkte Pannendéngscht, vun deem Dir all Dag an zu all Auerzäit profitéiere kënnt.
Bei engem versécherte Schued gëtt de richtege Fachmann bei Iech op d’Plaz geschéckt fir de Schued sou séier wéi méiglech ze behiewen. Esou braucht Dir Iech keng Suerge méi ëm onerwaarte Pannen doheem ze maachen.

Mee dobäi bleift et net. LALUX organiséiert Iech net just den Noutdéngscht mee iwwerhëlt och, an de Limitten déi d’Konditioune virgesinn, d’Käschte vum Service an den néidegen Ersatzdeeler.

Dir braucht Iech weider em näischt ze këmmeren. Et geet duer dat Dir eng eenzeg Nummer urufft. De Rescht reegelt sech vum selwen.
Ausserdeem kënnen all LALUX Clienten d’Assistance-Nummer ganz einfach an der easyAPP fannen.
Loosst et net drop ukommen a loosst Iech am Noutfall vu Profien hëllefen.

Sollt Dir net genee wëssen, wéi wäit Är Versécherungsgarantië ginn, da mellt Iech roueg bei Ärem Versécherungs-Agent. Hien mécht Iech gären e klenge Resumé vun all deem, wat Äre Versécherungskontrakt virgesäit a steet Iech mat Rot an Dot zur Säit!

Dir hutt och eng Fro a punkto Versécherung? Da schéckt se op groupeLL@lalux.lu.