Wat ass wann ech mir een Appartement kaaft hunn?

20/04/2022 Wat ass wann LALUX

Doheem, een Uert un dem sech déi meeschte Leit gebuerge fillen. Trotzdeem si Gefore wéi Feier, Waasserschied oder Déifstall keng Seelenheet. Fir ech virun dëse Risiken ze schützen, ass et wichteg eng vollstänneg Hausversécherung opzeschléissen. Dës ass zwar net gesetzlech virgeschriwwen, dofir awer wäermsten unzeroden.

Wann Dir Iech een Appartement kaf hutt, da rode mir Iech un, Äert neit Doheem virun den heefegste Risike wéi Feier, Waasserschied, Déifstall, Klimageforen, Iwwerschwemmungen oder Glasbroch ze schützen.

LALUX bitt Iech mat hirer easyPROTECT Hausversécherung 3 verschidde Formelen un, déi Dir duerch Bäifüge vun interessanten Optiounen individuell upasse kënnt.

Obwuel de finanziellen Aspekt wichteg ass, sollt Dir bei der Auswiel vun Ärer Versécherung och déi aner Elementer wéi Ofdeckungen oder Limitten net vergiessen. Bei engem Schued kann eng Formel mat der méi niddreger Primm Iech méi deier gi wéi eng Formel mat enger méi héijer dofir awer eng méi ëmfaassender Primm.

Vergewessert Iech dass d’Appartement duech eng Assurance vun der Copropriété verséchert ass a frot eng Copie vun dëser Versécherung. Am Zweifel kann Ären Agent Iech hëllefen an e Bléck drop geheien.

Vergiesst och net de Wäert vun Ärem Mobilier ze ermëttelen.

Nieft de Miwwelen ass do och Är Kichen, Är Haushaltsapparater, Dekoratiounsgéigestänn, Är Kleedung oder Hightech-Apparater gemengt.
Fir sécher ze stellen, dat déi Versécherungszomm och tatsächlech dem Wäert vun Ärem Mobilier entsprécht a fir eng onangeneem Iwwerraschung bei engem Schued oder Abroch ze vermeiden, sollt Dir drop oppassen, de ganze Mobilier ze bewäerten.

Dir hutt och eng Fro a punkto Versécherung? Da schéckt se op groupeLL@lalux.lu.