Wat ass wann ech mir eng Drone kaaft hunn?

04/05/2022 Wat ass wann LALUX

Déi leschten Joren gi Dronen ëmmer méi beléift an et héiert een lénks an riets dovunner schwätzen. Et gesäit een spektakulär Opnamen, Fotoen an Videoen, déi mat esou enger  Drone gemaach goufen oder et huet een alt mol eng Drone Course verfollegt, déi ongleeflech schnell sinn.

Bei all deene schéine Saachen déi een mat esou enger Drone maachen kann, sollt een awer och drun denken fir esou eng Spillsaach och versécheren, well eng Drone een Flugobjekt ass an alles wat no uewen geet, kennt och nees emol erof. Do kann et och alt mol virkommen, dat d’Drone emol onkontrolléiert eroffällt an een materiellen oder kierperlechen Schued verursaacht.  

Zanter Enn 2020 gëtt eng nei Reglementatioun welch d’Exploitatioun vun all Zort vun Dronen reegelt. Dofir kënnt Dir bei der Direction de l’Aviation Civile (DAC) informéieren, wéi eng Critèren Är Drone erfëllen muss.

Et gin elo verschidden Kategorien an Dir musst kucken an wéi eng Kategorie Är Drone fällt, op Dir eventuell Är Drone enregistréieren musst, op Dir selwer Coursen maachen musst fir domadder fléien ze dierfen oder souguer grondsätzlech eng Autorisatioun braucht fir Drone ze benotzen.

D’Benotzen vun der Drone aus der Kategorie OPEN an SPECIFIQUE kann bei der LALUX iwwer Är Familljenhaftpflicht verséchert ginn. D’Couverture ass gülteg an Europa.

Wat d’Couverture vun der Drone selwer ugeet, da kann dës bis zu engem gewessenen Montant an der Performanzformel vun der Feierversécherung ënnert der Garantie Effets Personnels verséchert ginn. Hei gëllt awer d’Konditioun, dat d’Drone och eng Kamera huet.

Dir hutt och eng Fro a punkto Versécherung? Da schéckt se op groupeLL@lalux.lu.