Wat ass wann ech vun doheem fortginn a vergiessen, d’Streckeisen auszemaachen?

18/05/2022 Wat ass wann LALUX

Wiem ass et nët scho virkomm, dass een an aller Hetz aus dem Haus gaang ass a wann een dann am Auto oder Bus souz, sech gefrot hutt, ob een dësen oder deen elektreschen Apparat ausgeschalt hutt. Dës Onsécherheet begleet een dann de ganzen Dag, wann ee keng Geleeënheet huet, dëst ze iwwerpréiwen.

Onsécherheet an d’Angscht virun enger méi oder manner grousser Katastroph sinn scho Grond genuch vir d’elektresch Apparaten mat Iwwerleeës a Suergfalt ze benotzen. Sollt sou e Mëssgeschéck dann awer zu engem Brand féieren, dann ass ee frou wann een eng Hausversécherung ofgeschloss huet. Dës kënnt vir all Schied op, déi duerch Feier entstinn. D‘Feiergarantie spillt awer och bei Blëtzschlag, Explosiounen an all Genre vun Implosioun.

Wann Dir d’Streckeisen vergiess hutt an ët kënnt zu engem Brand, da gëtt dësen Schued selbstverständlech op der Basis vun de Versécherungszommen an ärer Hausversécherung entschiedegt. Oft stellt sech heibäi raus, dass vill Leit punkto Miwwelen a perséinlech Saachen ënnerverséchert sinn. Am Laf vun de Joeren hutt sech nämlech sou munches ugesammelt an et denkt een net drun, vir dës wichteg Adaptatioun ze maachen. Dofir denkt drun, nodeems Dir eng Zäitchen an Ärem neien Doheem wunnt, an eng Rei nei Miwwelen ugeluecht hutt, Är Miwwelen reegelméisseg nei ze evaluéieren.

Sollt et glécklecherweis just bei engem Schued um Streckeisen bleiwen, da bezuelt Versécherung dëse Schued iwwert Grantie ‚Elektresch Schied‘. A je nodeem wat vir eng Versécherungsformel Dir hutt, gëtt souguer keng Altersentwäertung bei der Entschiedegung ofgehalen.
Zu gudder Läscht nach ee klenge Root wat de Kaf vun Elektro-Apparaten betrefft: oft entscheet een sech vir ongepréifte Bëllegproduiten, déi een um Internet bestellt. Dës vermeintlecht gutt Affaire entwéckelt sech awer oft zum Problemfall an enger effektiver Brandgefohr.

Iwwerpréift dofir beim Kaf vun engem Elektrogerät, dass dëst CE-Kennzeechen dréit, wat e Garant vum EU-Sécherheetsstandard ass.  A besonnesch beim Kaf vun Apparaten, déi eng staark Hëtzt entwéckelen, soll een doropper Uecht doen, dass dës en agebauten Temperaturregler hunn, deen den Apparat bei Iwwerhëtzen einfach ausschalt.

Dir hutt och eng Fro a punkto Versécherung? Da schéckt se op groupeLL@lalux.lu.