Wat ass wann ech ee Schued melle wëll?

01/06/2022 Wat ass wann LALUX

Dir hutt kuerz emol net opgepasst oder sidd grad an aller Hektik a schonn ass e Malheure geschitt. Egal op Dir grad Auto sidd oder doheem beim kachen. Am Alldag trieden/erwaarden eis sou munch Iwwerraschungen op.

Sief et eng Téitsch am Auto oder ee Waasserschued am Haus, wann Dir eng Haus-oder Autosversécherung ofgeschloss hutt, da schützt Är Versécherung Iech virun de finanzielle Konsequenzen.

Wéi sollt Dir dann elo am beschte virgoen?

Am beschten Dir melle Äre Schued direkt Ärem Versécherungsagent. Ären Agent kläert Iech op, wéi eng Informatiounen hie brauch fir dat de Schued fäerdeg deklaréiert ka ginn. Nodréiglech Informatiounen an Dokumenter kënnt Dir och per Mail op  indem@lalux.lu schécken, mat Ärer Dossiersnummer als Sujet vum Mail.

Nodeems Dir all néideg Informatioune ragereecht hutt, braucht Dir bei engem materielle Schued usech näischt méi ze maachen. Ären Agent këmmert sech em Är Uleies.

Bei engem Autosaccident mat engem Drëtten, musst Dir och drun denken, direkt op der Plaz ee Constat auszefëllen. Dësen hëlleft dem Assureur d‘Responsabilitéit beschtméiglechst festzeleeën an de Prozess zur Entschiedegung ze beschleunegen.
Wann Dir als Client bei der LALUX ee Schued melle wëllt da kënnt Dir dat och automatesch iwwert d’easyAPP maachen.

Déi ass nämlech net just praktesch fir ee genauen Iwwerbléck iwwert seng Versécherungskontrakter ze hunn, mee vereinfacht Iech och d’Liewe bei engem Schued. Sou kënnt Dir en Auto oder Hausschued einfach a schnell iwwert d‘App deklaréieren.
Hei kritt Dir och genau erkläert, wat Dir Ärem Agent alles ofgi sollt, fir dat de Schued sou séier wéi méiglech gereegelt ka ginn. Dir kënnt och ganz einfach mat Ärem Smartphone Fotoe vum Schued maachen an dës an der App eroplueden. Déi ginn dem Agent dann op direktem Wee transferéiert.

Ass Äre Schued dann a Beaarbechtung bei der Versécherungsgesellschaft, da kënnt Dir Äre Schued och ganz einfach vun Ärem Handy aus suivéieren.

Ma sidd Dir Iech dann trotzdeem de sécher wéi Dir genau sollt virgoen, da kënnt Dir d’easyAPP och als direkte Kommunikatiounskanal benotzen. Hei fannt Dir all wichteg Telefonsnummeren, déi Iech direkt un de richtege Service leeden an Iech an engem Noutfall eng schnell Hëllef bidde kënnen, ganz egal wou Dir Iech grad befannt.

Dir hutt och eng Fro a punkto Versécherung? Da schéckt se op groupeLL@lalux.lu.