Wat ass wa mäin Auto wéinst Héichwaasser beschiedegt gëtt?

15/06/2022 Wat ass wann LALUX

Ëmmer méi oft verwüüsten Onwieder ganz Haiser, Stroossen a ganz Dierfer a Lëtzebuerg. No de schwéieren Iwwerschwemmungen am Juli 2021 bei deene vill Regiounen a ganz Lëtzebuerg schwéier betraff waren, hunn ëmmer méi Awunner Angscht virun engem bleiwende Schued. Een iwwerschwemmt Keller sou wéi verstéiert Haiser sinn hei keng seele Konsequenz vu staarke Reefäll.

Fir Iech dës Angscht beschtméiglech ze huelen, rode mir Iech un eng optional Iwwerschwemmungsgarantie an Ärer Hausversécherung bäizefügen. Dës Garantie schützt Iech virun de finanzielle Konsequenzen déi bei Iwwerschwemmungschied entstinn.
Wat ass awer wa mäin Auto bei enger Iwwerschwemmung beschiedegt gëtt?

Oft sinn et net just Haiser a Wunnengen, déi vun Iwwerschwemmunge betraff sinn, mee och Autoe gi ganz oft beschiedegt. Ëmmer rëm gesäit ee schwammend Autoen, déi duerch iwwerschwemmten Dierfer gleeden.

Dofir ass et wichteg ze wëssen, dat Är Autosversécherung esou eng Schied an der Garantie «Naturgewalten» deckt. Bei der LALUX ass dës Garantie souguer well an der Formule Sécurité mat abegraff.

Zum Schluss rode mir Iech un Iech sou fréi wéi méiglech iwwert déi méiglech Versécherungsléisungen ze informéieren, fir dat Dir och bei engem nächsten Onwieder optimal geschützt sidd.

Sollt Dir net genee wëssen, wéi wäit Är Versécherungsgarantië ginn, da mellt Iech roueg bei Ärem Versécherungs-Agent. Hien mécht Iech gären e klenge Resumé vun all deem, wat Äre Versécherungskontrakt virgesäit a steet Iech mat Rot an Dot zur Säit!

Dir hutt och eng Fro a punkto Versécherung? Da schéckt se op groupeLL@lalux.lu.