Wat ass wann ech de Steiercertificat vu menger Assurance brauch? Wou kréien ech deen hir?

21/09/2022 Wat ass wann LALUX

All Joer, wann et erëm drëms geet fir d’Steiererklärung ze maachen, musst Dir eng ganz Rei un Dokumenter zesummesammelen. Dorënner och de Certificat vun den Assurancen, déi Dir ofsetze kënnt.

Generell kritt Dir all Joer Äre Steiercertificat automatesch per Post geschéckt. Well dëst awer net ganz ëmweltfrëndlech ass, bitt d’LALUX d’Méiglechkeet Äre Certificat iwwer hir App an hiren neien Espace Client ganz digital erofzelueden. Dir kënnt an der App souguer uginn, ob Dir de Certificat trotzdeem nach per Post wëllt zougeschéckt kréien.

Mat der easyAPP kënnt Dir awer net just Äre Steiercertificat eroflueden, Dir kënnt och aner Attestatiounen bspw. fir d’Conduite Accompagnée vun Ärem Kand oder d’Attestatioun fir eng Hondshaftflicht eroflueden. Dir kënnt och zu all Moment Är Allgemeng oder Speziell Versécherungsbedéngungen noliesen.

Dir kënnt och Är Wunnengs- an Autosschied ganz einfach an der App mellen an nodréiglech komplettéieren. Wann Dir eng DKV Zousazkrankeversécherung hutt, kënnt Dir och Är Doktesch- a Behandlungsrechnungen an Deviser ganz einfach iwwer d’App areechen.
Och d’Ännere vu perséinlechen Donnéeë wéi zum Beispill Telefonsnummeren, Emailadress, Familjendonnéeën oder Bankkonten kënne ganz einfach an der APP geännert ginn.

Vereinfacht Iech d’Gestioun vun Ären Assurancë mat easyAPP, der mobiler App fir Äre Smartphone, an easyAPP Home, dem Espace Client op Ärem Computer! Gidd emol kucken op easyAPP.lalux.lu.

Dir hutt och eng Fro a punkto Versécherung? Da schéckt se op groupeLL@lalux.lu.