Wat ass wann ech e Päerd hunn? Ginn et do spezifesch Assurancen?

05/10/2022 Wat ass wann LALUX

Reiden ass e ganz besonnescht Hobby. Dir suergt gutt fir Äert Päerd, hutt gutt Ekipement an e sécheren Unhänger fir et ze transportéieren. Mee hutt Dir och schonn dru geduecht wéi eng Assurancen Iech nëtzlech sinn, wann Dir e Päerd hutt?

Als alleréischt ass et unzeroden Äert Päerd an Är privat Haftflicht mat anzeschléissen. Si deckt Persouneschied souwéi och materiell Schied of, déi Äert Päerd verursaacht, onofhängeg dovun ob et bei Iech, béi engem aner Reider oder engem Gardien ass.

Mat enger Onfallversécherung sidd Dir och als Reider virun deene finanzielle Konsequenze vun eventuelle Verletzunge geschützt, déi beim Reiden optriede kënnen. Dir gitt indemniséiert am Fall vu permanenter Invaliditéit, enger laanger Aarbechtsonfäegkeet, engem Spidolsopenthalt oder enger einfacher medezinescher Behandlung.

A wann Äert Päerd muss operéiert ginn? Esou Operatiounskäschte kënne sech séier op e puer Dausend Euro belafen. D'Operatiounskäschten-Assurance garantéiert Iech de Remboursement am Fall vun engem chirurgeschen Agrëff mat Narkos oder Rouegstellung.

Dir kënnt esouguer eng Liewens- an Onfallversécherung fir Äert Päerd ofschléissen! Esou kënnt Dir de Verloschtrisiko am Fall vu Krankheet, Accident, Déifstall ofdecken.

LALUX Assurances proposéiert Iech dës Päerdsassurancen als Exklusivitéit zu Lëtzebuerg. Esou kënnt Dir Är Passioun ouni Aschränkungen a Suergen ausliewen.

Denkt och drun Äre Päerdtransporter ze versécheren. Mat easyPROTECT Auto vu LALUX sidd Dir beschtens ofgeséchert!  
Bleift gutt am Suedel!

Dir hutt och eng Fro a punkto Versécherung? Da schéckt se op groupeLL@lalux.lu.