Wat ass wann ech meng Steiererklärung maachen? Wéi eng Versécherunge kann ech ofsetzen?

19/10/2022 Wat ass wann LALUX

All Joer wann et drëms geet fir d’Steiererklärung ze maachen, froen déi meescht vun Iech sech sécherlech wat een alles kann ofsetzen. Wësst Dir wéieng Assurance-Primmen een a senger Steiererklärung kann uginn?

Generell gëlt, dass Versécherungsprimmen, déi dozou déngen eng Persoun ze versécheren vun de Steiere kënnen ofgesat ginn. All aner Primmen am Zesummenhang mat Schued, Feier, Déifstall, Rechtsschutz oder ähnleches, sinn net ofesetzungsfäeg.
Déi folgend Assurancë kënnt Dir also an Ärer Steiererklärung als “Dépenses Spéciale” bis zu engem Montant vun 672€ pro Contribuablen uginn:

•    Liewensversécherung
•    Doudesfallversécherung
•    Onfallversécherung
•    Invalideversécherung
•    Krankeversécherung (wéi zB. eng Krankenzousazversécherung vun DKV Lëtzebuerg)
•    Haftflichtversécherung (souwuel déi privat wéi och déi vum Auto)

•    Wann Dir Locataire sidd: den Deel Risques Locatifs well dëst eigentlech eng Haftpflichtversécherung vis-à-vis vum Propriétaire ass.

Dir kënnt ausserdeem Är Primm vun der Solde Restant Dû, déi Dir bei engem Prêt bei der Bank sollt ofschléissen, ofsetzen, wann Dir dës duerch eng eemoleg Primm bezuelt hutt.

Zu gudder Lescht kënnt Dir natierlech och d’Primme vun Ärer Zousazpensioun ofsetzen an zwar bis zu 3 200€ pro Joer an dat fir jiddereen, egal wéi al Dir sidd! Dat heescht, Dir profitéiert wärend der Dauer vun Ärem Kontrakt all Joer vun enger substanzieller Steierreduktioun.

Wollt Dir schonn ëmmer wësse wéivill Steieren dir mat enger Zousazpensioun wéi easyLIFE Pension vu LALUX kënnt spueren? Um Internetsite vu LALUX kënnt Dir dat ganz einfach mat Hëllef vun engem extra dofir entwéckelte Simulator maachen. Dës Primme reduzéieren Äert besteierbaart Akommes. Also firwat net haut d’Liewe genéisse mat engem gudde Restaurant oder engem Familljentrip wärend Dir gläichzäiteg fir Är Pensioun virsuergt?

Bei weidere Froen zu Steieroptimiséierung steet Äre LALUX Agent Iech natierlech zur Verfügung. Vill Erfolleg beim Ausfëlle vun Ärer Steiererklärung!

Dir hutt och eng Fro a punkto Versécherung? Da schéckt se op groupeLL@lalux.lu.