Wat ass wann ech ech als Independant wëll fir meng Zukunft virsuergen?

02/11/2022 Wat ass wann LALUX

Wann Dir selbststänneg oder Fräiberuffler sidd an Dir wëllt Är Zukunft an déi vun Ärer Famill ofsécheren a gläichzäiteg vu steierleche Virdeeler profitéieren, da freet et Iech bestëmmt ze wëssen, dass d’Gesetz fir Zousazpensiounen säit 2018 och ob Selbststänneger a Fräiberuffler ausgeweit ginn ass.

LALUX huet an dësem Sënn lalux-Safe Future op de Marché bruecht. Mat dësem Produit kënnt Dir beschtens fir Är Zukunft an Är Famill suergen. Dir kënnt Iech ganz flexibel déi Garantien eraussichen, déi Dir braucht:

Éischtens: Spuert fir Är Pensioun! Dir kënnt all Joer bis zu 20% vun Ärem besteierbaren Akommes steierlech ofsetzen andeems Dir an e Pensiounsplang investéiert. Dir bezuelt am Viraus eng Pauschalsteier vun 20%, dofir gëtt awer dat um Enn vum Kontrakt ausbezuelte Kapital zu Lëtzebuerg net besteiert, deemno ass dat steierlech déi méi interessant Solutioun. Jee nodeem wéi sech Äert Akommes entwéckelt, kann Är Investitiounsstrategie Joer vir Joer ugepasst ginn.

Zweetens: Schützt Är Famill géint de finanziellen Abroch duerch Ären Doud oder Är Invaliditéit. Am Fall vun Ärem Doud, gëtt deene vun Iech definéierte Beneficiairen dat festgeluechten Doudeskapital ausbezuelt. Falls Dir duerch en Accident ëmkommt, kann dëst Kapital souguer nach erhéicht ginn. Falls Dir vun der CNAP als Invalid deklaréiert gitt, kritt Dir eng zousätzlech Invaliderent ausbezuelt.  
Dës Couverture kënnen och wärend just enger bestëmmter Dauer ofgeschloss ginn. D’Primmen, déi fir d’Couverturen “Doud”, “Invaliditéit” an “Accident” bezuelt ginn, sinn och vun Ärem besteierbaren Akommes ofsetzbar.
Als Privatpersoun kënnt Dir natierlech och eng Zousazpensioun am Kader vum Artikel 111bis ofschléissen. Renseignéiert Iech elo bei Ärem LALUX-Agent. Hie fënnt mat Iech zesummen déi bescht Léisung fir Är Besoine.

Dir hutt och eng Fro a punkto Versécherung? Da schéckt se op groupeLL@lalux.lu.