Wat ass wann ech mat mengem Auto eng Pann hunn, wéi ka mäin Assureur mir hëllefen?

21/12/2022 Wat ass wann LALUX

Hutt Dir dat och scho gehat? Dir wëllt Moies fréi am Stress an den Auto klamme fir op d’Schaff ze fueren a stellt mat Schrecke fest, dass en net méi uspréngt. Dir hutt op der Tankstell de falsche Sprit getankt, oder Dir hutt matten op der Autobunn op eemol e Platten? Den Ofschleefdéngscht ze ruffe kann eng deier ginn, oder? 

Et ass ganz normal Ären Assureur unzeruffen wann Dir en Accident hutt an Ären Auto immobiliséiert ass, mee wéi ass et da bei enger Pann? Kann Ären Assureur Iech do hëllefen?

Zum Gléck hutt Dir elo mat Ärer easyPROTECT Auto Versécherung vu LALUX de Pannen- an Ofschleefdéngscht an Ärem Kontrakt mat abegraff! Mat der Garantie Top Assistance kënnt Dir Ären Auto bei enger Pann zu all Moment ofschleefe loossen. An dat och virun Ärer Hausdier! Dir wielt fräi de Garage wou den Auto soll hi bruecht ginn. Och am Ausland kënnt Dir vun dësem Service profitéieren. A wann den Auto net direkt ka gefléckt ginn, da kritt Dir esouguer fir bis zu 5 Deeg en Ersatzauto zur Verfügung gestallt. Dir kënnt also vun enger séierer an effizienter Hëllefleeschtung profitéieren, an dat Ganzt ouni zousätzlech Fraise mussen ze bezuelen.

Bleift mobil ganz ouni Stress, dofir suergt LALUX.

Dir hutt och eng Fro a punkto Versécherung? Da schéckt se op groupeLL@lalux.lu.