D'Woch ass bal erëm eriwwer an et war erëm eng gutt Rëtsch lass, sief et op de Stroossen, an der Schoul oder am Stadion. Mir wollten erëm är Meenung wëssen. Fannt dir dat gutt oder wat géift dir anescht maachen?

04/09/2021 Wochenëmfro

Zu Paräis wëllen se eppes géint d'Verschmotzung an de Kaméidi op de Stroosse maachen. Bal all Stroossen ginn elo an Tempo-30-Zonen ëmgeännert. Dat soll den Trafic dann och méi sécher maachen. Sollt een dat och zu Lëtzebuerg aféieren?

04092021 Wochenemfro Tempo-30-Zone

Déi sanitär Mesuren an der Schoul sollen elo bei der Rentrée manner streng ginn, ewéi nach virun der Wakanz. Wéi stitt Dir dozou?

04092021 Wochenemfro Rentree 2021

De Mëttwoch war de WM-Qualifikatiouns Match tëschent Lëtzebuerg an Aserbaidschan. Dat war dann och den éischte Futtball-Match am neie "Stade de Luxembourg". Hutt dir de Stade scho gesinn a wéi gefält en iech?

04092021 Wochenemfro Stade