Dës Woch war erëm eng Jett lass, wat och eist Land beschäftegt huet. D'Paie ginn duerch den Index an d'Luucht, d'Weltausstellung ass zu Dubai ugaangen a Lëtzebuerg impft déi 3.Dosis géint de Coronavirus. Mir ware mam RTL Mikro ënnerwee a wollten är Meenung wëssen.

02/10/2021 Wochenëmfro

Gëschter ass eng nei Indextranche fälleg ginn. D'Salairen an d'Pensiounen ginn doduerch 2,5% an d'Luucht. Wat sot Dir dozou?

02102021 Wochenemfro Index 1

Zanter dësem Weekend kann een d'Weltausstellung bis den 3. Abrëll nächst Joer op Dubai kucke goen. Sidd dir mat dobäi oder fannt dir dat éischter iwwerflësseg?

02102021 Wochenemfro Weltausstellung 2

Zu Lëtzebuerg ass een am Gaang de Leit eng drëtt Impfdosis géint de Coronavirus ze ginn. Gläichzäiteg hu ganz vill Leit op der Welt iwwerhaapt nach keen Accès zu der éischter Impfung kritt. Ass dat ethesch ze vertrieden?

02102021 Wochenemfro Drett Impfung 3