Eng Woch ass erëm ëm. De Mazout, de Gas an de Bensin si méi deier ginn, all Facebook Apps waren offline an et gouf e Friddensnobelpräis am Numm vun der Pressefräiheet iwwerginn. Mir wollten dozou är Meenung wëssen.

09/10/2021 Wochenëmfro

De Bensin, de Mazout an de Gas si méi deier ginn an dat och net e bëssen. Déi sinn elo esou deier, wéi scho laang net méi. Wat sot dir zu de klammende Präisser?

09/10/2021 Wochenëmfro: Mazout, Benzin a Gaz méi deier

D'Journaliste Maria Ressa an Dmitri Muratov hunn de Friddensnobelpräis kritt. Domadder gouf hiren Asaz fir Pressefräiheet op de Philippinnen an a Russland geéiert. Wéi ass et dann ëm Pressefräiheet gestallt?

09/10/2021 Wochenëmfro: Pressefräiheet

De Méinde gouf et e Problem bei Facebook a sengen Duechterfirmen Whatsapp an Instagram. D'Servicer ware fir ronn 6 Stonnen offline. Wat hutt dir an där Zäit gemaach an hutt dir et iwwerhaapt bemierkt?

09/10/2021 Wochenëmfro: Facebook & co. sinn net gaangen