Eng Woch ass erëm riwwer a mir hu gekuckt, wat d'Land esou beweegt huet. Wéi kann ee spueren, elo wou Benzinspräisser erëm erop ginn, wat ass mat der Verfassungsrevisioun a wéi kann een eng entweite Kierch benotzen? Doriwwer hu mir mat iech geschwat.

D'Präisser fir Brennstoffer wéi de Benzin, Diesel oder de Gas gi weider erop. Jee nodeems wéi héich d'Präisser gi, muss ee lues a lues ufänken, all Su zweemol ëmzedréinen. Wat maacht Dir dann fir ze spueren?

23/10/2021 Wochenëmfro: Spueren

E Mëttwoch gouf iwwert d'Verfassungsrevisioun ofgestëmmt, do ass et just ëm d'Justiz gaangen, mä et gi jo nach dräi aner Voleten. An deem Kontext gëtt och ëmmer nees vun engem Referendum geschwat, ouni deen déi Reform vun der Constitutioun net soll gemaach ginn. Wéi denkt Dir doriwwer?

23/10/2021 Wochenëmfro: Verfassungsrevisioun

Déi entweite Bärbele-Kierch zu Zowaasch ass den Dënschdeg fir hir nei Zwecker ageweit ginn. Se gouf renovéiert an déngt elo éischter engem kulturellen Zweck. Woufir kéint een ärer Meenung no nach eng désacraliséiert Kierch benotzen?

23/10/2021 Wochenëmfro: Entweite Kierch