Sou séier vergeet eng Woch! Lëtzebuerg féiert d'Boosterimpfungen an, Migrante sëtzen am Belarus un der Grenz fest an den UN-Klimasommet COP26 ass op en Enn gaangen. A mir sinn zu ärer Meenung interesséiert a ware mam RTL Mikro ënnerwee.

Zanter gëschter duerf sech all Mënsch, dee méi wéi 18 Joer al ass, eng drëtte Kéier géint de Coronavirus impfe loossen. Well den Impfschutz no 6 Méint manner gëtt, kënnen d'Leit see mat enger Booster-Impfung opfrëschen. Wéi fannt Dir dat?

20/11/2021 Wochenëmfro: Boosterimpfung

Un der polnesch-belarussescher Grenz sëtzen nach ëmmer dausende Migrante bei kalen Temperature fest. Bréissel reprochéiert Minsk, datt bewosst Migranten an de Belarus bruecht ginn, fir se vun do aus an d'EU ze schleisen. Wat sot Dir zu dëser Situatioun?

20/11/2021 Wochenëmfro: Migranten am Belarus

COP26, also d'Klimakonferenz vun de vereenten Natiounen, ass lescht Woch op en Enn gaangen. Politiker hu sech erëm versammelt, fir déi bescht méiglech Klimaschutzpolitik ze diskutéieren. Déi eng schwätze vun engem Erfolleg, anerer sinn enttäuscht. Wat hutt dir vun der COP26 zeréck behalen?

20/11/2021 Wochenëmfro: COP26